Op der PompelDe Präis vum Masutt an Diesel geet liicht erof

RTL Lëtzebuerg
Nodeems de Präis um Bensinn, Diesel a Masutt jo an de leschten Deeg permanent geklommen ass, schéngt dëse sech elo stabiliséiert ze hunn.
© RTL

Nodeems elo rezent de Bensinn nach eemol geklomme war, geet elo fir eng éischte Kéier zënter Deeg den Diesel an de Masutt (10 ppm) erof. Bei Diesel ass et eng Baisse vu 4,8 Cent op 1,78 Euro de Liter. De Mazutt (10ppm) geet souguer ëm 5,4 Cent de Liter erof, dat op 1,22 Euro de Liter.

Back to Top
CIM LOGO