Neie Projet bréngt de Kanner d'Liewen um Bauerenhaff méi no
© Carla Schuller / RTL
De Bauerenhaff hautno erliewen a praktesch Erfarung mat alle Sënner sammelen - dat ass d’Zil vum Projet “Landwirtschaft erliewen”.
Doduerch kréien d’Kanner an der Grondschoul d’Méiglechkeet, selwer z’erliewen, wou d’Iessen hierkënnt a wat de Bauer schafft. Mëttwoch war déi éischt Visitt vun enger Schoulklass.
Et wëll een de Kanner een authentescht Bild vun der Landwirtschaft ginn. fir dass se net de Bezuch dozou verléieren. Esou léieren d’Kanner iwwer den nohaltege Konsum an de respektvollen Ëmgang mat Natur an Déieren. Dëst wier eng wichteg Responsabilitéit, seet de Ben Majerus, ee vun de Baueren, déi beim Projet matmaachen.
“Ech war vun Ufank u beim Projet "Fro de Bauer " mat dobäi. Ech fannen et immens wichteg, dass d'Kanner an eis Gesellschaft wëssen, wou hir Liewensmëttel hierkommen, an dass se wësse wei d'Landwirtschaft ofleeft, dass se hier Bildung aus dem Internet huelen, mee dass se gesi wéi et reell op de Betriber ofleeft.”
D’Kanner vun haut sinn d’Konsumente vu muer. Et muss ee se also fréi genuch forméieren, esou d’Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau, Martine Hansen :
“Ech mengen, wat mer wëlle weise mat dem Projet "Landwirtschaft erliewen", ass: Wei produzéiere mir hei zu Lëtzebuerg d'Liewensmëttel? Esou soll een déi regional, lokal, saisonal a Bio-Liewensmëttel méi ze schätze wëssen.”
Et gëtt ausserdeem Schoulmaterial bereetgestallt, fir d’Thematik am viraus spilleresch am Klassesall anzeféieren an d’Kanner virzebereeden. Léieren duerch Praxis ass nëtzlech fir d’Kanner, wéi d’Elma Kocan, Léierin an der Grondschoul zu Déifferdeng, betount :
“Am Klassesall ass eben den theoreteschen Deel, a wéi mer ganz oft gesinn, si vill Kanner nach ni op engem Bauerenhaff gewiescht. Se kënne sech och guer net virstellen, wéi grouss verschidden Déiere sinn an et ass fir si méi motivéierend. Si verhale sech dat ganzt och besser, wa se et bis gesinn hunn.”
En Online-Portal vereinfacht d’Organisatioun vun de Visitte fir d’Léierpersonal. Mat verschiddene Filtere kann een de passende Bauerenhaff fir sech raussichen.






Och d’Betriber kréie gehollef. All Bauerenhaff, dee matmécht, muss eng Formatioun vu véier Stonne matmaachen. Do kritt een Informatiounen iwwer d’Sécherheet a wéi een de Kanner d’Praktike richteg vermëttelt. Den Haff kritt och fir all Besuch eng finanziell Entschiedegung vum Ministère fir Landwirtschaft.
Och wann d’Visitten am Moment just fir de Cycle 4 virgesi sinn, soll dat an Zukunft erweidert ginn. Et ginn och änlech Iwwerleeunge fir aner Beräicher, wéi zum Beispill d’Handwierk oder d’Konscht.
Wie weess, villäicht motivéiert dat ganzt deen een oder deen aneren, fir dëse Beruff spéider auszeüben. Fir Bauerebetriber a Schoulklassen ass de Site letzfarm.lu elo op. Bis elo hu 17 Bauerenhäff hir Diere fir dëse Projet opgemaach, mee et kann ee sech nach ëmmer mellen, fir matzemaachen.