All fënneft Fra zu Lëtzebuerg gouf schonn eng kéier Affer vu kierperlecher, sexueller oder psychologescher Gewalt.

Mat der Orange Week gëtt all Joer op déi Problematik higewisen a sensibiliséiert. E Samschdeg war an deem Kader fir déi 8. Kéier eng Marche de Solidarité mat iwwer 300 Participanten.

Orange Mutzen, Schaler a Schëlter. Orange ass déi weltwäit unerkannte Faarf, fir géint Gewalt u Fraen opmierksam ze maachen. D'Claudine Speltz, Presidentin vum Lëtzebuerger Fraerot:

"D‘Gewalt doheem, mee och d‘Gewalt géint d‘Fra am generelle sinn dofir do, fir déi Persoun erofzemaachen, si eng Klass ënnert sech ze stellen. Dat muss op der ëffentleche Bün weider diskutéiert ginn. Sécher hu mer Gesetzer, déi net schlecht sinn, mee et feelen eis déi finanziell an human Méiglechkeete fir d‘Opklärung. Virun allem d‘Opklärung scho bei de ganz Jonken."

D‘Fuerderungen op der Bün a vun den 300 Participante si kloer: Et ass d‘Kritik, datt et zu Lëtzebuerg net genuch Statistike ginn. Weder bei de Vergewaltegungen oder nach forcéierte Mariagen. An de Femizid sollt dréngend an d‘Strofrecht ageschriwwe ginn.

Weltwäit huelen déi offiziell Zuelen u Femiziden zou. Och well se besser dokumentéiert ginn. Bei Femizid schwätzt ee vun engem Mord un enger Fra – wéinst hirem Geschlecht. Eleng an Däitschland koum et d‘lescht Joer zu bal 1.000 Versich, Fraen a Meedercher ëmzebréngen. 360 vun hinne si verstuerwen.