Aweiung vun neiem Geo-Pad InsekteweltOp 5 Kilometer laangem Wee d'Insekten entdecken a schützen

Julie Thilges
Nieft Rosport a Beefort krut Waldbëlleg elo e Geo-Pad Insektewelt, deen de Public soll sensibiliséieren an d'Insekte gläichzäiteg schützen, andeems hiren natierleche Liewensraum beräichert gëtt.
Op 5 Kilometer laangem Wee d’Insekten entdecken a schützen
Nieft Rosport a Beefort krut Waldbëlleg elo e Geo-Pad Insektewelt, deen de Public soll sensibiliséieren.

Souwuel Grouss a Lleng solle vum Geo-Pad Insektewelt kënne profitéieren, de Start ass bei der Schoul zu Waldbëlleg, wou déi éischt vun den am ganze 24 interaktive Statiounen elo offiziell ageweit goufen.

Ongeféier 5 Kilometer laang ass dëse Geo-Pad, an doriwwer verdeelt gi ganz ënnerschiddlech Theemeberäicher, dat erkläert d’Conny Bourgmeyer, Responsabel vum Projet: “Well de Wee esou ganz divers ass a mir esou vill Liewensraim hei fannen. Mir hunn zum Beispill hei ganz Bëschliewensraim, wou mir d'Theema vun den Insekten als Laubzersetzer opgräifen, oder d'Theema Mardellen, wou mir dann d'Theema Waasserinsekten an och d'Entwécklung vu Libellen opgräifen, oder Dréchemaueren zum Beispill, do kann ee kucke wéi eng Insekten dann ënnert de Steng vun enger Dréchemauer liewen.”  

Et ass schonn den 3. Geo-Pad deen zu Lëtzebuerg ëmgesat gouf. Viru 4 Joer gouf de Mëllerdall an den UNESCO Global Geopark opgeholl, zejoert war eng Reevaluatioun, a virun zwee Méint krut Natur- & Geopark Mëllerdall erëm d'Confirmatioun, dass si sech weiderhi kënne Geopark nennen.  

De Schutz vun den Insekte géing weiderhin essenziell bleiwen: “Spéitstens no der Krefelder-Studie, déi 2017 publizéiert gouf, wësse mir, dass Insekten an engem ganz staarke Réckgang sinn”, dat seet d’Conny Bourgmeyer.  

Finanzéiert ass de Geo-Pad vum Ëmweltministère, den Ament sinn d’Statiounen nach net all fäerdeg, sollen awer fir d’Summervakanz prett fir de Public sinn.

Back to Top
CIM LOGO