Séier eppes z'iesse bestellen, bequeem vun doheem, egal wéini. Mat Liwwerplattforme ass dat hautdesdaags kee Problem. De leschte Freideg hate Chauffeure vun der Liwwerplattform Wolt d'Aarbecht néiergeluecht wéinst Verschlechterunge vun den Tariffer. E Méindeg gouf et eng éischt Entrevue tëschent Vertrieder vun de Livreuren an de Gewerkschaften OGBL an LCGB, déi vun inakzeptabelen Aarbechtskonditioune schwätzen.
D’Chaufferen, déi fir d’Liwwerplattform schaffen, hu weder ee richtegen Aarbechtskontrakt, nach eng Ofsécherung. Si géingen tëschent 12 a 14 Stonnen den Dag schaffen, esou ee vun de Livreure vu Wolt RTL géintiwwer. Aus Angscht, hir Aarbecht ze verléieren, wëlle si anonym bleiwen. Wa se 7 Deeg op 7 géinge schaffen, da kéime se, wann et gutt geet, op 3000€ brutto de Mount. D'Konditiounen hätte sech awer elo weider verschlechtert. D’Tariffer wieren ëm 30 bis 40 Prozent erofgaangen, schätzen déi betraffe Chaufferen.
Pro Commande géinge fir de Chauffer nach ongeféier sechs bis siwen Euro eraussprangen. Dovunner géing um Enn awer net vill iwwereg bleiwen. Da géingen nämlech nach d’Steieren, d’Krankekeess, de Bensinn an den Entretien vun hire Gefierer ofgoen. Datt ëmmer manner fir d'Chaufferen iwwereg bleift, hätt zu engem groussen Deel och mat de Sous-traitanten ze dinn, ginn d’Gewerkschaften ze bedenken.
Et géingen ëmmer méi där Intermediairë ginn, déi fir eng Plattform schaffen a selwer Leit beschäftegen, déi dobäi net gutt ewechkommen. Déi missten dacks ganz héich Prozentsätz un de Sous-traitant ofginn. Et géingen och Leit bei Strukture fir Refugiéeë rekrutéiert ginn, déi dann ouni Statut géinge schaffen, seet den David Angel vum OGBL. Deelweis géing mat “mafiéise Methode” geschafft ginn. D'Plattforme géinge sech hannert deene Sous-traitante verstoppen a sech de-responsabiliséieren, esou de Reproche vun de Gewerkschaften.
Déi nächst Etapp wier elo d'Gespréich mam CSV-Aarbechtsminister Marc Spautz an och mat Wolt selwer ze sichen, präziséiert den Tiago Afonso vum LCGB.
D'Fuerderung un d'Politik ass kloer: De Secteur muss endlech gereegelt ginn. Dat fuerderen och déi Lénk an engem Communiqué. D'Partei erënnert drun, datt si eng entspriechend Gesetzespropos an der Chamber deposéiert huet.