De 6. Juni gouf am Kader vun der Emissioun "Passepartout" de Kultfilm "Roger" nach eemol op der Tëlee gewisen. E weist e Portrait vun engem Mann, deen um Rand vun der Lëtzebuerger Gesellschaft lieft. Dëse Film ass am Kader vum Kulturjoer 1995 entstanen.
Nodeems de Film gewise gouf, koume vill Reaktioune bei eis eran. Sief et iwwer déi sozial Medien oder per Mail. De Gros vun de Leit wollt wëssen, ob de Roger nach liewe géif a wat aus him gi wär.
"Hochi, maach dech w.e.g. op d'Sich nom Roger Dahm". Sou huet et e Méindeg de Moien um Büro geheescht. Mat der Informatioun, dass hien am Raum Kielen ze fanne wär, hunn ech mech op de Wee gemaach.
Do ukomm, hunn ech mäin Auto geparkt an hu mech ze Fouss op d'Sich no dëser Kultfigur aus den 90er Jore gemaach. Mat der Hoffnung, engem op der Strooss ze begéinen, dee mir bei der Sich nom Roger hëllefe kéint. Ech war ënnerwee aus Kielen eraus a Richtung Nouspelt wéi mir bei der Entrée vun engem grousse Bauerebetrib eng frëndlech Madamm Informatiounen iwwer de Roger konnt ginn. "Ech kennen de Rosch aus eiser Kandheet a Schoulzäit. An där Zäit huet hien zu Meespelt gewunnt. Ob dat nach ëmmer de Fall ass, kann ech Iech awer net soen. Fuert am Beschten nom Quatre Vang a Richtung Keespelt an da lenks a Meespelt erof. Do kënnt Dir eventuell nach méi gewuer ginn". A sou koum et och. Zu Meespelt op engem grousse Bauerenhaff huet e frëndlechen Här mir verroden, datt de Roger virun e puer Deeg nach bei hinnen op Besuch war, fir iwwer déi al Zäit z'erzielen a konnt mir och d'Adress vum Rosch ginn. Kuerz drop stoung ech beim Roger Dahm virun der Hausdier. Hie war amgaangen am Gaart ze schaffen an huet an enger Schubbkar Bëtong preparéiert. Mam Sonnenhutt um Kapp koum hie mir mat engem grousse Grinsen entgéint.
Nodeems ech mech kuerz virgestallt hat, war den haut 62 Joer ale Mann direkt bereet, mir Ried an Äntwert ze stoen.
De Roger Dahm huet mir erzielt wéi et deemools zum Film koum. "Si hätte gären e Film gehat, fir ze laachen. Ma kee Probleem, da kritt dir e Film fir ze laachen. Méi wei dir gären hätt". 4 Deeg hätten d'Dréiaarbechte gedauert.
De Roger Dahm erzielt mir, datt hien nach haut op der Strooss vun de Leit erkannt géif ginn. "Ech sinn de Pierre Richard. Dat ass wat de Leit gefält. Ech si riicht eraus. Vun der Long op d'Zong. Wann ech hei nëmme bis op de Bus ginn, ruffen d'Leit: 'Salut Rosch, wéi ass et?' Ginn ech bis erof an d'Duerf ginn ech do ugeschwat. Hei zu Keespelt/Meespelt kennt mech all Mënsch. 'Hei do kennt de Filmstar' soe se dann zu mir. Ech hunn näischt dogéint".
Och bei de Bauer aus dem Duerf geet de Rosch gären op Besuch, fir iwwer déi vergaangen Zäit ze schwätzen.
De Roger Dahm ass zanter zwee Joer an der Pensioun. Bei enger Plënnerfirma huet hie fréier geschafft. "Ech hu wärend 40 Joer Miwwel geplënnert. Elo schaffen ech heiheem am Gaart". An der Zäit huet de "Lëtzebuerger Pierre Richard" och am Bësch geschafft. Do huet hie Beem gehaen. "Dat war déi schéinsten Zäit. Déi kënnt net méi erëm".
De Roger Dahm hat deemools vill Spaass bei den Dréiaarbechten. "Ech hat Blutt geleckt a wollt am léifste guer net méi ophalen. Ech hätt jo léiwer gehat, et wären zwou oder dräi Stonne ginn. D'Leit hätten an d'Box gepisst vu laachen".
D'Zäit beim Roger Dahm ass vergaangen ewéi am Fluch. Eng gutt ¾ Stonn stounge mir beieneen. An och wann de Roger kee Krauselkapp méi huet, ass hien nach ëmmer dee Personnage, ewéi een en aus dem Film kennt. Sécher, an Tëschenzäit sinn e puer Joer an d'Land, oder soll ech schreiwen a Meespelt gezunn. De Roger Dahm kënnt sympathesch eriwwer. Als oppen, riicht eraus an net op de Mond gefall, bleift d'Kultfigur "Roger" mir an Erënnerung.