Gutt gefëllte Programm um KrautmaartD'Fräiheet fir ofzedreiwe gouf an der Verfassung verankert

Céline Eischen
Um Ordre du Jour stoung ënnert anerem och eng Motioun iwwer méi Biergerbedeelegung oder och nach d'Investitiounsstrategie vum Lëtzebuerger Zukunftsfong.
Symbolbild
Symbolbild
© PEAKSTOCK / SCIENCE PHOTO LIBRAR/Science Photo Library via AFP

E Méindeg war um Krautmaart den zweete konstitutionelle Vote an eng Majoritéit vun den Deputéierten huet fir d'Text-Propos vum Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum gestëmmt.

Recht Ofdreiwung a Verfassung verankert, Debatten an der Chamber

Marc Baum (déi Lénk): "Ech mengen net, datt ech iwwerdreiwen, wann ech soen, datt mer haut Geschicht schreiwen. Mir consacréieren an engem zweete konstitutionelle Vott d'Fräiheet, ofzedreiwen an eiser Verfassung. Mir ginn domadder dem Selbstbestëmmungsrecht iwwert den eegene Kierper an de reproduktive Rechter vun der Fra Verfassungsrang."

Dem Marc Baum seng Text-Propos ass mat 51 Jo Stëmmen ugeholl ginn. Domat ass d'Fräiheet op Ofdreiwung an der Verfassung verankert, wat déi meescht Parteien an hire Rieden als ee kloert Signal fir d'Fräiheet vun der Fra an eng Ofsécherung fir zukünfteg Generatioune begréisst hunn. Et sief bemierkt, déi meescht. Well d'ADR huet vun enger lénker Symbolpolitik geschwat, an datt eng Verankerung an der Verfassung wéinst dem Gesetz net néideg wier. Deemno waren d'Argumenter an der Chamber net nei. Net nei ass och d'Tatsaach, datt den DP-Deputéierten Gerard Schockmel mat der Majoritéit vu senger Partei net op enger Linn ass:

Gérard Schockmel (DP): "Hei gi Versprieche gemaach, déi falsch Versprieche sinn. Hei ass keng Protektioun, wéi se dobausse verbreet gëtt vun deenen, déi sech als de grouss Verdeedeger vun de Fraerechter zelebréiere loossen. Mir hunn et hei mat Desinformatioun ze dinn."

De Gérard Schockmel huet dat domat argumentéiert, datt d'Gesetz, dat d'Konditioune vun der Ofdreiwung festleet, weider zu jidder Zäit nees kéint geännert ginn. De Marc Baum huet dem liberalen Deputéierten hei widdersprach. Mat der Verankerung géifen déi juristesch Protektioune verstäerkt ginn.

Virun der Chamber hate sech Leit afonnt, fir géint d'Decisioun ze protestéieren
Virun der Chamber hate sech Leit afonnt, fir géint d'Decisioun ze protestéieren
© Céline Eischen

Duerno ass ënnert anerem och iwwer méi Biergerbedeelegung diskutéiert ginn. Ënnert anerem d'Majoritéitsparteien CSV an DP, mee och d'ADR, hu géint eng Motioun vum Deputéierte vun de Piraten Marc Goergen gestëmmt, déi en institutionell verankerte Bierger-Rot fuerdert. Fir d'LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding bräicht et esou ee Rot, fir der Politik-Verdrossenheet entgéint ze wierken:

Taina Bofferding (LSAP): "Déi Diskussiounen, déi ëmmer erëm opkommen, wéi ass et méiglech, dass mer esou eng grouss Diskrepanz an Distanz tëschent engersäits eiser Populatioun hunn an anerersäits d'Politik. Ma, Kolleeginnen a Kolleegen, et ass genau déi hei Haltung. Et ass déi Haltung, wou mer soen, mir wëssen et besser, mir brauchen net nach d'Stëmme vun eiser Populatioun, mir wëllen d'Leit net nach abannen. Ganz éierlech, da brauche mer eis och net ze wonneren, dass d'Vertrauen an eis Institutioune futti ginn."

Den CSV-Fraktiounschef Laurent Zeimet huet dogéint argumentéiert. Een zoufälleg gewielte Bierger-Rot géif riskéieren, net déi néideg Legitimitéit ze hunn. Donieft géif et scho Consultatiouns-Strukture ginn.

Laurent Zeimet (CSV): "Wéi zum Beispill de Conseil économique et social, eng permanent consultativ Institutioun am Tripartite-Format, fir wirtschaftlech a sozial Froen ze diskutéieren. Mir hunn doniewent och nach de Conseil supérieur pour un Developpement durable. Wann et also ëm Klima, Biodiversitéit oder Nohaltegkeet geet, da kënne mer scho Biergerforen iwwer esou bestoend Strukturen organiséieren an encadréieren. A firwat dann net iwwer si méi Biergerbedeelegung nach woen."

D'Oppositioun huet dat, wéi gesot, anescht gesinn. An Zäite vun Desinformatioun a politescher Polariséierung wier ee Bierger-Rot ee wichtegt Instrument, fir d'Demokratie ze stäerken. Dat schreiwen ënnert anerem och déi Gréng an engem Communiqué.

De Presse-Communiqué vun déi Gréng fir nozeliesen
Communiqué déi Gréng

Zum Schluss huet de Finanzminister Gilles Roth nach Prezisiounen iwwer d'Investitiounsstrategie vum Zukunftsfong ginn, dat no enger Question élargie vum DP-Deputéierten André Bauler. Deemno géif ee Comité Directeur onofhängeg vum Minister dëse Fong geréieren, deen 2014 am Interessi vun den zukünftege Generatiounen geschaaft ginn ass. No 10 Joer, an deenen et de Fong elo gëtt, hätt een duerch sozial responsabel Investitiounen en duerchschnëttleche Rendement vun 3,8% d'Joer gehat.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO