Nieft engem Accident an de fréie Moiesstonnen a Clausen waren d'Ekipp vum CGDIS e Sonndeg de Moie wéinst enger Kollisioun zu Bäreldeng geruff ginn.

Kuerz virun 2 Auer e Sonndeg de Moie fréi waren d'Rettungsdéngschter aus der Stad a Clausen geruff ginn, nodeems hei en Auto an eng Mauer gerannt ass. Eng Persoun gouf beim Accident blesséiert.

Dräi Mënsche goufen iwwerdeem bei enger Kollisioun géint 10.44 Auer an der Lëtzebuerger Strooss zu Bäreldeng blesséiert. Och hei waren d'Ekippen aus der Stad am Asaz, grad ewéi d'Pompjeeë vu Steesel.