Weider gesäit de Rechnungshaff am Budgetsprojet fir 2025 keng Strategie, fir de Budget nees ze equilibréieren.

Dat geet aus dem Avis zum Gesetzprojet fir de Staatsbudget ervir, deen d'Cour des comptes en Dënschdeg verëffentlecht huet.

Staatsbudget: Avis vum Rechnungshaff/Reportage Fanny Kinsch

De Rechnungshaff recommandéiert der Regierung, eng proaktiv Strategie auszeschaffen, fir de Budget nees ze reequilibréieren. Esou eng Strategie sollt d'Resilienz vun den ëffentleche Finanze stäerken a weider Verschëldunge virbehale fir zukunftsorientéiert Investissementer, also am Sënn vun der energeetescher Ëmwelt- an digitaler Transitioun. Dat wier besonnesch wichteg wéinst de geopoliteschen Tensiounen an den Defien duerch de Klimawandel an aner Krisen. D'Staatsschold hätt sech zanter der Finanzkris 2008 verdräifacht an am Budgetsprojet vum Finanzminister Gilles Roth géing ee keng esou eng Strategie erkennen. Dobäi géing déi kleng an oppe Lëtzebuerger Ekonomie extern Schocke besonnesch ze spiere kréien.

De Rechnungshaff stellt dann och fest, datt am sougenannten Entlaaschtungspak steierlech Entlaaschtunge fir d'Betriber fir d'nächst Joer virgesi sinn. Domat sollt d'Kompetitivitéit vun den Entreprisen an der Wirtschaft gestäerkt ginn, esou d'Argumentatioun vun der Regierung, wat d'Pertë bei de Recettë kompenséiere soll. Wéi ee Resultat sech do konkret erwaart gëtt, wier awer net definéiert. De positiven Effekt vun de Steierbaissë wier also onkloer, woubäi den Impakt op d'Recettë vum Staat ganz kloer wier.

De Rechnungshaff stellt dann och d'Hausse vun den Accisen um Tubak a Fro. D'Hausse vu 5,5 Prozent géing just dozou bäidroen, d'Recetten z'erhéijen, ouni awer dozou ze féieren, datt d'Demande erofgeet. Et misst een hei awer och d'gesondheetlech a sozial Käschte vum Tubakskonsum consideréieren. Net just beim Tubak, mee och beim Verkaf vu fossillen Energië géing et ëm Recettë goen, déi laangfristeg net z'erhale wieren. De Rechnungshaff weist ënnert anerem op d'Zil vun der EU-Kommissioun hin, bis 2040 eng "Generatioun ouni Tubak" ze fërderen, an där manner wéi 5 Prozent vun der Populatioun fëmmt. Mat enger méi proaktiver Approche, fir d'Steierressourcen ze diversifizéieren, kéint Lëtzebuerg laangfristeg eng finanziell Stabilitéit assuréieren a gläichzäiteg op d'Defie fir d'Ëmwelt an d'ëffentlech Gesondheet agoen.