Lëtzebuerg ka wéineg géint "Temu" maachen
© JONATHAN RAA / NurPhoto / NurPhoto via AFP
D'Online-Plattform Temu boomt. Eegenen Aussoen no géifen iwwer 92 Millioune Leit se pro Mount notzen.
Zu Lëtzebuerg läit d’Shopping-App op Plaz 5 vun den Applikatiounen, déi am meeschten erofgeluede goufen. Kee Wonner, vun Elektronik iwwer Kleeder oder Spillsaache gëtt et do alles direkt vun de chineeseschen Händler, an domat extrem bëlleg. Vill Saache kaschte manner wéi 10 Euro.
D’EU huet d’Plattform elo awer an d’Viséier geholl. Enn Oktober huet d’Kommissioun eng formell Prozedur géint Temu an d’Weeër geleet. Temu muss sech als sougenannte "ganz grouss Plattform" mat iwwer 45 Millioune User am Mount un den Digital Service Act (DSA) halen, deen zanter Februar a Kraaft ass. Deen obligéiert d’Plattformen, géint d’Verbreedung vun illegalem Contenu virzegoen.
"Temu": Suchtfaktor a Sécherheetsrisiken an der Kritik
D’Enquête géint Temu konzentréiert sech op e puer Beräicher. Ënnert anerem op d’Vente vu Produiten, déi net mat EU-Norme konform sinn. Ausserdeem geet et ëm den Design vun der Plattform, dee süchteg maache soll: Permanent ginn d’Consommateuren animéiert, bei verschiddene Spiller matzemaachen. Ausserdeem wier net transparent, wéi Temu den Notzer Recommandatioune fir weider Akeef mécht.
Konsumenteschutz-Organisatioune gesinn Temu kritesch, well de Konsument mat falsche Remisen oder Deadlinen ënner Drock gesat géif, séier ze kafen. Donieft géifen och vill Produiten net den europäesche Sécherheetsnormen entspriechen, esou dass et beispillsweis bei Spillsaachen eng Erstéckungsgefor géif.
Fir déi méi lokal Händler ass den Online-Gigant aus China eng staark Konkurrenz, well d’Wueren extrem bëlleg sinn an ouni Tëschenhändler beim Konsument ukommen. Ausserdeem steet Temu, grad wéi aner esou Plattformen, am Verdacht, d'Douane geziilt ze ëmgoen. Bis 150 Euro Wäert muss een op Wuer, déi mam Fliger an der EU ukënnt, keng Douanestaxe bezuelen. Temu soll seng Commande geziilt opsplécken, fir ënnert deem Wäert ze bleiwen.
Lëtzebuerg kann net vill maachen
D’Ministesch fir Konsumenteschutz Martine Hansen huet viru Kuerzem op eng parlamentaresch Fro zu deem Thema geäntwert. Do weist sech, dass Lëtzebuerg eleng net vill géint eventuell net konform oder net richteg deklaréiert Päck ka maachen.
Zwar wiere mat der Douane, dem Ilnas (Institut luxembourgeois de la normalisation, de l’accréditation, de la sécurité et qualité des produits et services), dee kontrolléiert, ob d'Wueren den EU-Ufuerderunge fir Sécherheet entspriechen, dem Konsumenteschutz an der Konkurrenzautoritéit, eng Partie Autoritéite mat der Affär befaasst. Den Ilnas an d'Douane kéinten awer just Stéchprouwe maachen. D'Douane hätt 2023 beim Import 1.314 Irregularitéite bei 15.722 Kontrolle festgestallt, ma dacks kéimen déi Bestellungen iwwer aner EU-Länner op Lëtzebuerg, soudass d'Douane hei net méi direkt domat befaasst wier.
De Konsumenteschutz gëtt bei enger Plainte aktiv, ma vue dass d'Wueren awer generell immens bëlleg sinn, géife wéineg Leit bei Problemer esou Demarchë maachen. Aus dem Ministère ass et d'Recommandatioun, sech an esou Fäll nawell beim Konsumenteschutz an der Plattform selwer ze mellen. Dat géif dann an d'Enquête op EU-Niveau mat afléissen.
Temu huet op dësen Artikel reagéiert a betount, et wier ee beméit, d'Interessie vun de Consommateuren ze consideréieren a sech un d'Virschrëften ze halen. Et géif een d'Bedenke vun der EU eescht huelen an et wéilt ee kooperéieren. Ausserdeem hätt een eng Qualitéitskontroll, wou verdächteg Produite géifen aus dem Sortiment geholl ginn. Et géif een och keng Commanden opsplécken, fir laanscht Douaneskontrollen ze kommen, mee aus logistesche Grënn. D'Präisser wiere gënschteg, well et keng Tëschenhändler géif.