Dokter gëtt zäitlech limitéiert fir ee Joer vum SAMU-Déngscht suspendéiert

© Screenshot aus Video, deen RTL virläit
Nodeem e SAMUsdokter wéinst sengem Verhalen op der Plaz vun engem Accident am Fréijoer zu Krautem provisoresch suspendéiert gouf, gëtt et lo e neien Ament.
RTL-Informatiounen no, gouf den Dokter entretemps gehéiert an de Conseil de Discipline vum CGDIS huet sech dem Dossier ugeholl an dem Verwaltungsrot no der Instruktioun vum Dossier eng Propositioun vu Sanktioune gemaach.
Deemno huet de Verwaltungsrot lo decidéiert, datt den Anästhesist effektiv fir ee Joer temporär vu sengem Déngscht suspendéiert gëtt. Dës Suspensioun leeft bis Enn Juni 2025.
De Verwaltungsrot vum Nationalen Corps vun de Rettungsdéngschter huet sech bei der Sanktioun-Decisioun op 2 Punkten aus dem Réglement Intérieur* baséiert, déi net respektéiert goufen:
Engersäits hätt den Dokter net dee virgeschriwwene Sécherheetsequipement wärend den Asätz gedroen, dee vun all CGDIS-Member gefuerdert gëtt an anerwäerts huet de Medezinner e Selfie virun engem Asaz gemaach. E Video vun deem Virfall läit RTL vir.
Am Kloertext huet den Dokter deemno nieft dem "Faux-pas" mat sengem Handy refuséiert, fir d'Kleeder unzedoen, déi fir e SAMUsdokter bei Interventioune virgesi sinn.
Dës Informatioune krut RTL op Nofro vum CGDIS confirméiert.
Den implizéierten Dokter, dee wéi gesot och déi nächst 7 Méint weider net wäert um SAMU fueren, ka sengersäits virum Verwaltungsgeriicht e Recours en Annulation géint dës Decisioun vum CGDIS aleeën.
Ob de Corps vun den nationale Rettungsdéngschter wäert eng Plainte beim Collège médical maachen, ass bis ewell nach net decidéiert.
*Réglement Intérieur CGDIS:
§ 4. La suspension provisoire de l'exercice de ses fonctions peut être ordonnée par le directeur général
du CGDIS à l'égard d'un volontaire ou contractuel poursuivi judiciairement ou administrativement,
pendant le cours de la procédure, jusqu'à la décision définitive.
§ 2. Dans les deux cas de figure, aucune sanction disciplinaire ne peut être appliquée sans instruction
disciplinaire préalable effectuée par une personne déléguée à cette fin par le directeur général du CGDIS.
Le volontaire ou le contractuel présumé fautif est informé des faits qui lui sont reprochés avec indication
qu'une instruction disciplinaire est ordonnée, et ce par courrier recommandé avec accusé de réception
endéans les 14 jours ouvrables après que le directeur général a eu connaissance des faits reprochés.