Wéinst sengem Verhalen op der Plaz vun engem Accident ass en Anästhesist aktuell provisoresch vu sengen Tâchë suspendéiert.

De Virfall um Bord vun engem Accident am Fréijoer gouf op engem Video festgehalen, deen RTL virläit.
Deemno huet den Dokter vum SAMU um Bord vun engem Verkéiersaccident Enn Mäerz zu Krautem op säin Asaz gewaart, wéi d'Secouristen amgaange waren, um accidentéierte Won ze schaffen. Dës Zäit huet de Medezinner du genotzt, fir e séiere Selfie ze maachen.

Dee Geste, dee wuel als net appropriéiert ka bezeechent ginn, huet zu enger disziplinarescher Prozedur beim CGDIS gefouert, déi de Generaldirekter Paul Schroeder lancéiert huet.

Provisoresch gouf den Dokter am Juni vum SAMU-Déngscht entbonnen - dës Informatioune krut RTL op Nofro vum CGDIS confirméiert.

Aktuell ass de Conseil de Discipline vum CGDIS mat der Affär saiséiert. Hei gëtt gekuckt, ob den Dokter mat sengem Behuele géint de Règlement intérieur vum CGDIS verstouss huet an ob eng disziplinaresch Strof wéi zum Beispill e Kënnege vum Kontrakt decidéiert gëtt.

Ob de Corps vun den nationale Rettungsdéngschter wäert eng Plainte beim Collège Médical maachen, ass aktuell net gewosst.

RTL