De Premier Luc Frieden an der Diskussioun mat der Jugend
Am Lycée Robert Schuman gouf et en Donneschdeg de Moien héije Besuch.
Nodeems eng Ekipp u Schüler aus verschiddene Lycéen op der Weltklimakonferenz war, ass de Premier Luc Frieden op de Lampertsbierg komm, fir mat Schüler iwwer de Problem vum Klimawandel ze schwätzen.
Zënter zwee Joer gëtt et am Lycée Robert Schuman de sougenannten "ActionTeam4Future", dee sech dofir asetzt, dass 17 Nohaltegkeetsziler am Lycée ëmgesat ginn. Hir Missioun ass et och, eng Plattform fir engagéiert Jugendlecher zu Lëtzebuerg ze schafen.
Dëst Joer ass eng Delegatioun vu fënnef Jonker vu "Youth4ClimateAction" aus verschiddene Lycéeën op d’COP29 gaangen, fir do d’Lëtzebuerger Jugend ze vertrieden.
Op Initiativ vum Premier Luc Frieden hu si sech en Donneschdeg am Lycée Robert Schuman zesummefonnt, fir hir Perspektiven zum Sujet matzedeelen. Fir de Regierungschef ass et wichteg, déi Jugendlech mat an d’Diskussioun anzebannen, well si duerno mat de Konsequenze liewe mussen. Generell dierft een awer d’Diskussioun net nëmmen tëscht de Ministeren halen.
“De Kampf géint de Klimawandel kann een net vun uewen erof féieren duerch e puer Decisiounen, déi eng Regierung, vu sou 15 Ministeren, déi ronderëm e groussen Dësch sëtzen, hëlt. Déi muss ee mat der Bevëlkerung huelen a virun allem mat deene Jonken, déi warscheinlech am meeschte vun de Konsequenze vum Klimawandel impaktéiert ginn.”
D’COP29 war fir d’Schüler, déi present waren, awer och eng Enttäuschung. Den Haaptaccord wier duerchgesat ginn, ouni de Länner, déi dogéint waren, eng Stëmm ze ginn. Trotzdeem hunn d'Schüler awer och eppes Positives bemierkt, wéi de Julien Lemmer Veloso vum ActionTeam4Future matdeelt:
“Mir ware jo elo schonn op zwou COP’en. Am Verglach zu der COP zu Dubai, wou wierklech bal keng Jonker waren, waren der hei immens vill. Et goufen och Demonstratioune vun NGOs zougelooss, wou och Jonker dann dobäi waren. An déi Jonk hu sech ënnert sech organiséiert, a Whatsapp-Communities. Ech mengen op dëser COP war d’Jugend zimmlech gutt representéiert an hat och en Impakt doduerch.”
Dat wichtegt an der Lutte géint de Klimawandel wier awer virun allem d’Zesummenaarbecht, seet de Luc Frieden. D’Entwécklungslänner, déi net déi néideg finanziell Mëttelen hunn, brauchen Ënnerstëtzung fir de Klimawandel ze bekämpfen. Dowéinst ass et wichteg, mat um Dësch ze sëtze fir Decisiounen ze treffen.
Och op nationalem Level misst eppes geschéien. All Eenzelpersoun kann eppes maachen, fir ze hëllefen. An der Politik kéint een awer net vun haut op muer eng Ännerung bréngen, et misst alles op enger Step-by-Step-Basis geschéien.