Police mellt eng Partie Fäll vun Drogen an Alkohol um Steier
© RTL Archiv
En Dënschdeg an e Mëttwoch waren eng ganz Rei Leit ënnerwee, déi entweder ze vill gedronk oder Droge consomméiert haten.
Ënnert anerem en Dënschdeg de Moien zu Donkels op der Héicht vun enger Tankstell war e Chauffeur a Schlaangelinnen ënnerwee. D'Police huet d'Persoun kontrolléiert, den Alkoholtest war positiv, de Permis gouf vun de Beamten op der Plaz agezunn.
De selwechten Dag mëttes géint 17 Auer gouf dann e Chauffeur zu Käl gemellt, deen och a Schlaangelinnen ënnerwee war an domadder eng Gefor fir sech an déi aner am Trafic duergestallt huet. Och hei war den Alkoholtest positiv an de Fürerschäi gouf agezunn.
Eng Stonn méi spéit, um 18 Auer, koum et zu Rammerech op der Kräizung tëscht der Grand-Rue an der Rue des Champs zu engem Accident, bei deem e Moto géint e geparkten Auto gerannt ass. Wéi d'Police op d'Plaz koum, war do eng blesséiert Persoun, déi sech als Bäifuerer vum Moto erausgestallt huet. D'Persoun koum an d'Spidol. De Motosfuerer selwer hat sech du schonn ewech gemaach, konnt awer kuerz drop ugetraff ginn. Och bei him war den Alkoholtest positiv an e gouf protokolléiert.
Bei enger Verkéierskontroll en Dënschdeg den Owend op der Houschter Déckt gouf eng Automobilistin kontrolléiert. D'Police hätt Unzeechen erkannt, déi op en Drogekonsum bei der Fra higewisen hunn. Den Drogentest ass positiv verlaf, e provisorescht Fuerverbuet gouf ausgestallt.
E Mëttwoch de Moie géint 5 Auer ass d'Police op e Gefier zu Rodange opmierksam ginn, dat op engem Trottoire fir Foussgänger stationéiert war. Bei der Kontroll hu sech de Chauffeur an de Bäifuerer de Poliziste géigeniwwer onkooperativ verhalen an et wier offensichtlech gewiescht, dass béid Persounen Alkohol gedronk hätten. De Chauffeur huet refuséiert, en Alkoholtest ze maachen a krut dohier säi Permis ofgeholl. Déi zwee Männer koumen no engem medezineschen Check an Arrest.