9 Blesséierter bei 8 Accidenter
Kuerz no 17 Auer en Dënschdeg gouf et op der A6 a Richtung Arel eng Kollisioun tëscht zwee Autoen. Eng Persoun ass verwonnt ginn.
Géint 19 Auer en Dënschdeg den Owend hat sech zu Rodange en Auto iwwerschloen. Och hei ass eng Persoun blesséiert ginn. Tëscht Aasselscheier a Blaaschent krut kuerz drop en Automobilist e Bam ze paken a géint 22 Auer ass zu Schengen en Auto an eng Mauer gerannt. Jeeweils ass ee Blesséierte gemellt ginn. Tëscht Biekerech a Réiden ass géint 20.30 Auer en Automobilist mat sengem Gefier an de Gruef geroden, hei blouf et beim Materialschued.
E Mëttwoch de Moie géint 7.30 Auer gouf et zu Keel een Accident, wou zwee Autoen net laanschtenee komm sinn. Zwou Persoune sinn hei blesséiert ginn.
Am Rond-point Iergäertche si kuerz virun der Mëttesstonn dann nach zwee Autoen net laanschtenee komm. Dobäi goufen och zwou Persoune blesséiert, ëm déi sech d'Rettungsekippe vu Réimech, Jonglënster an der Stad gekëmmert hunn.
Op der A13 op der Héicht vu Fréiseng ass kuerz no 15 Auer e Camion am Gruef gelant. Hei gouf et ee Blesséierten.