De Miessunge vun der Administration des services techniques de l'agriculture (ASTA) no huet et zejoert 42,6% méi gereent wéi normal.

2024 war dat naasste Joer zanter 1854 / Reportage: Claude Zeimetz

Dat besonnescht naasst Wieder zejoert hat en negativen Impakt op d'Landwirtschaft. Déi 41 Wiederstatioune vum Meteosservice vum Landwirtschaftsministère hunn 2024 am ganze Land sou vill Ree gemooss, wéi nach ni zanter den éischte Wiederopzeechnungen 1854. En absolutte Rekord also.

De Miessunge vun der Asta no huet et zejoert 42,6% méi gereent wéi normal an dorënner hunn och d'Planzen an d'Felder gelidden, deelt de Landwirtschaftsministère e Freideg mat. Wéinst dem ville Reen ass d'Aarbecht op de Stécker méi spéit ugaange wéi normal an et gouf méi spéit geséit. De Karschnatz hätt missen tëscht zwee Reenepisode gemaach ginn an den Ertrag vun de Käre wier generell enttäuschend gewiescht. Bei der Fudderproduktioun war et anescht: Gras a Silo si logescherweis gutt gewuess duerch de ville Reen, mä d'Baueren hätte Problemer gehat, alles ze dréchnen. An och d'Grompere wiere qualitativ gesi vu gudder Qualitéit gewiescht, well et dëse Summer keng Dréchent gouf. De Mais iwwerdeems hätt ënnert dem Manktem u Sonn gelidden a gouf dowéinst tendenziell spéit erageholl.

Am Wäibau gouf et dem Ministère an der ASTA no Schied wéinst dem spéide Frascht a verschiddene Pilzkrankheeten. Doduerch wier zejoert manner Wäin op der Musel produzéiert gi wéi an der Moyenne. Beim Uebst ass d'Wieder besonnesch de Kiischten an de Bieren net gutt bekomm.

En Donneschdeg hat och Meteolux hire Wiederbilan vun hirer Statioun um Findel publizéiert. Dee Bilan huet deemno just op den Donnéeë vun enger Moossstatioun baséiert. Dat erkläert dann och, datt d'Konklusioune liicht anerer sinn. D'Statioune vun der ASTA erfaasse wéi gesot dat ganzt Land. Deen allermeeschte Reen ass iwwregens zu Ueschdref  an der Gemeng Rammerech gemellt ginn. Dem Direkter vun der ASTA Marc Weyland no wier sou en naasst Joer wéi zejoert eng besonnesch Erausfuerderung fir d'Baueren, well grad d'Feldaarbecht doduerch ganz penibel gëtt.