Ze naass, ze waarm an ze wéineg Sonn

© RTL-Grafik
Mat enger Joresduerchschnëttstemperatur vun 10,5 Grad klasséiert sech 2024 an der Top 10 vun de wäermste Joren, déi jee zu Lëtzebuerg gemooss goufen.
Meteolux klasséiert dat lescht Joer an hirem offizielle Bilan fir genee ze sinn op der Plaz 8. Den absolutte Rekord gouf nach ëmmer 2022 um Findel gemooss, mat enger Joresduerchschnëttstemperatur vun 11,3 Grad. 2024 louch awer 0,7 Grad Celsius iwwert der Laangzäitmoyenne vun de Joren 1991 bis 2020.
De Wanter 2023-2024 war och a Part mëll mat enger Duerchschnëttstemperatur vu 4 Grad. De Februar mat 6,5 Grad Celsius, dee wäermsten, dee jee um Findel gemooss gouf. Meteolux erënnert och nach emol un de Glëtz, deen de 17. Januar zejoert gefall ass a wéinst deem d'Autoritéiten d'Leit opgefuerdert haten, wa méiglech, doheem ze bleiwen. D'Schoule waren deen Dag och zou. Eppes wat jo éischter seelen hei zu Lëtzebuerg virkënnt.
Et dierft wuel jidderengem opgefall sinn. Et huet zejoert hei am Land a Part vill gereent. Fir genee ze sinn 1.090 Liter/m2, dat sinn 259 Liter/m2 méi wéi normal. Am Mee grad wéi am September an Oktober huet et besonnesch vill gereent. Parallel dozou huet d'Sonn sech dann och nëmme wéineg blécke gelooss. Mir sinn d'lescht Joer grad mol op ronn 1.564 Sonnestonne komm. Dat si ganzer 283 Stonne manner wéi den Duerchschnëtt. Bis d'Joer mat den allermannste Sonnestonne muss een awer historesch gesi bis 1978 zréckgoen.
Déi wéineg Sonn huet sech queesch duerch all d'Saisone gezunn. De Summer war nawell vun deels kräftegen Donnerwiedere markéiert. Déi schlëmmst Samschdes owes den 29. Juni wou staarke Reen, Stuerm a Blëtzer e Materialschued vu 24,5 Milliounen Euro hannerlooss hunn.