Relatiounen tëscht USA a Lëtzebuerg wäerten och an Zukunft staark bleiwen
Den Thomas M. Barret ass nach bis de 19. Januar US-Ambassadeur zu Lëtzebuerg. Iwwer d'Léift zum klenge Lëtzebuerg a politesch Prioritéiten hu mir geschwat.
Dem Thomas M. Barret bleiwen nëmmen nach e puer Deeg zu Lëtzebuerg. Hie wäert et vermëssen, duerch d’Stater Parken ze spadséieren. Hie wier gär mat senger Fra zu Lëtzebuerg gewiescht.
Elo iwwer Chrëschtdag war déi ganz Famill an der Residenz vun der US-Ambassade. D’Kanner wieren ëmmer gären op Lëtzebuerg komm. An de leschten dräi Joer sinn insgesamt 46 Familljememberen op Besuch komm.
Den demokratesche Politiker war vun 2004 bis 2021 Buergermeeschter vu Milwaukee. Eng amerikanesch Stad esou grouss wéi Lëtzebuerg:
"Ech wäert mech ëmmer drun erënneren, wéi ech vum Wäissen Haus gefrot gouf, Ambassadeur zu Lëtzebuerg ze ginn. Ech wollt esou séier wéi méiglech alles iwwer Lëtzebuerg gewuer ginn. Also hunn ech e bësse recherchéiert. Ech hat gesinn, dass zu Lëtzebuerg eppes méi wéi 600.000 Leit wunnen. Ech war deen Ament Buergermeeschter vu Milwaukee, do liewen e bësse manner wei 600.000 Leit. An ech hu geduecht, dat do kann ech maachen."
Wat kënnt mam Trump?
D’Relatiounen tëscht den USA a Lëtzebuerg wieren extreem staark, esou den Thomas M. Barrett. Wéi et elo mam neie President virugeet, wier schwéier virauszegesinn.
"Ech ka mat vill Confiance soen, dass déi staark Relatioun tëscht Lëtzebuerg an den USA och an Zukunft wäert eng staark bleiwen. Mäi Bauch seet mir, dass duerch eis gemeinsam Geschicht, eis ekonomesch Verstréckung an eis gemeinsam Valeuren, ech ganz optimistesch ka si fir d'Zukunft vun der Relatioun tëscht Lëtzebuerg an den USA."
Parteipolitesch Aussoen dierf hien als Ambassadeur keng maachen. Am Büro fält op, dass hie Fotoe mat de Presidente Bill Clinton, George W. Bush, Barack Obama a Joe Biden huet. Den Donald Trump feelt. Mat engem Laache seet hien:
"Dat eenzegt, wat dat heescht, ass, datt ech keng Foto mam Dondald Trump hunn."
NATO als eng vun de grousse Prioritéiten
Den neien US-President huet d'NATO-Staaten opgefuerdert, d'Militärausgaben op 5 Prozent vum Bruttoinlandprodukt ze erhéijen. Eng Laascht, déi vill Länner guer net kéinte packen.
Fir den Thomas M. Barrett war d'Stäerke vun der NATO eng vun de Prioritéiten. Dat virop mat Bléck op de Krich an der Ukrain:
"D'Relatioun tëscht Lëtzebuerg an der NATO war eng Prioritéit vu mir. Fir sécher ze stellen, dass mir d'Situatioun an der Ukrain, ma och d'Sécherheet an de Fridden an Europa kënne laangfristeg ofsécheren. Mir mussen déi staark Relatioun an de staarken Appui fir d'NATO bäibehalen."
Klenge Foussofdrock op der Äerd, groussen am Weltall
Als wichtegen ekonomesche Secteur nennt den Ambassadeur de Space-Secteur. Lëtzebuerg hätt e klenge Foussofdrock op der Äerd an e groussen am Weltall.
Rezent war de Chef vun der NASA zu Lëtzebuerg an huet e weidere Kooperatiounsaccord am Wirtschaftsministère ënnerschriwwen. Och am Finanzsecteur géifen d'USA a Lëtzebuerg vill a gutt kooperéieren.
Grand-Duché bleift a gudder Erënnerung
D'Festivitéite ronderëm d'80 Joer Ardennenoffensiv wieren an de leschte Woche ganz intensiv a spannend gewiescht. Eng grouss politesch Delegatioun wier dofir extra op Lëtzebuerg komm mat och héije Vertrieder.
De Grand-Duché géif him op alle Fall a gudder Erënnerung bleiwen, esou huet den US-Ambassadeur och eng Liblingsplaz zu Lëtzebuerg:
"Ech hunn et extreem gär, an de Gronn trëppelen ze goen. Do ass déi Bréck, wou een am Hannergrond d'Stad an d'Festung gesäit. Dat ass déi Plaz, wou ech de Leit soen, hei maache mir Är Hochzäitsfoto. Des Plaz weist wierklech d'Schéinheet vu Lëtzebuerg."
D’Iessen zu Lëtzebuerg wier gutt, déi traditionell Lëtzebuerger Platen hätten éischter en däitschen Touch, wéi ee franséischen. Et hätt een d'Méiglechkeet, vill verschidde Saachen ze schmaachen. Et wier och gréisstendeels gesond Iessen, dofir misst hien oppassen, wann en zeréck an Amerika geet, net ze vill an d'Fast Food ze falen.
Elo geet et zeréck an d'Heemescht
Vum Buergermeeschter zu Milwaukee zum US-Ambassadeur zu Lëtzebuerg, dat wier eng flott Erfarung gewiescht. Den 19. Januar geet et zeréck an déi al Heemescht. Et war ee ganz entspaanten Interview an op déi lescht Fro, wat hien dann elo géif maachen, krut ech dës Äntwert:
"An de leschten 33 Joer vu mengem Mariage war meng Fra eng wonnerbar Partnerin, si huet quasi dat gemaach wat ech wollt maachen. Elo ginn ech gär eppes zeréck. Si huet eng Lescht vu 7.000 Saachen, déi se gär mat mir an den USA wëll maachen."
Et geet zeréck an de Wisconsin, déi Géigend, déi staark vu Lëtzebuerger gepräägt gouf a wou och de Luxembourg American Museum ass.