D'Onsécherheet am Garer Quartier wier eng geliefte Realitéit
© Claudia Kollwelter / RTL
D'Stater Buergermeeschtesch huet via Schreiwes eng dréngend Entrevue mam Premier ugefrot. Dat wéinst der Situatioun am Garer Quartier.
"Et ass net just e Gefill vun Onsécherheet, mee eng geliefte Realitéit!" Dat huet d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer en Dënschdeg de Moien um CityBreakfast iwwert d'Situatioun am Garer Quartier ënnerstrach. An deem Kontext huet si d'leschte Freideg e Bréif un de Premier Luc Frieden adresséiert.
Déi dramatesch Situatioun op der Gare kéint een net méi sou hinhuelen, heescht et am Schreiwes vun der Stater Buergermeeschtesch un de Premier. Der Lydie Polfer no kéint et net esou weidergoen, wéi bis ewell: "Mir froen en, fir e Groupe de travail zesummenzesetzen. Mat op d'mannst dem Minister vum Intérieur a virun allem och d'Ministesch vun der Justiz, an nach déi Ministere, wou hie mengt, déi wieren och kompetent an där Affär, fir déi Situatioun do aneschters unzegoen."
D'Aussoe vun der Procureur général d'etat Martine Solovieff lescht Woch um Neijoerschpatt vun der Justiz géifen verdäitlechen, datt et Problemer géif: "A wann zwee Drëttel vun den Affären, déi erakommen, klasséiert ginn, et deet mer leed, mee dat kann een net hinhuelen, da kann een net méi vu Rechtsstaat schwätzen. Dat ass eng gelieften Impunitéit fir déi Leit, déi déi Saache maachen an och fir déi Leit, déi dat do gesinn."
Duerch d'lokal Police wier d'Situatioun zwar scho besser, ma wann ee PVe schreift an awer näischt nokënnt, géif dat zu enormem Frust féieren, betount d'Buergermeeschtesch. An dat och bei de Leit, déi am Quartier wunnen: "Si gesinn dat jo, datt d'Police och kënnt. D'Police kënnt, d'Police hëlt der do op deem Eck esou vill mat, an dann? An dat ass näischt Neits, mir hunn dat oft ugeschwat, an dann ass awer ëmmer gemaach ginn, wéi wann dat net esou wier. Elo leien Zuelen um Dësch!"
D'Lydie Polfer huet deemno eng urgent Entrevue beim Premier ugefrot, fir datt een zesummen eng Analys vun der Situatioun mécht an d'Schwaachpunkten definéiert, fir uschléissend un de richtege Schrauwen ze dréinen.