SteierverwaltungMeescht Steiererklärunge kommen op Pabeier, vill dovunner eréischt am Dezember

Roy Grotz
Pit Everling
D’Steiererklärung ass fir vill Leit net déi léifsten Aufgab, dofir gëtt se dacks eréischt op de leschte Stëppel gemaach an erageschéckt oder eropgelueden.
© Ground Picture/Shutterstock

Dat maache méi wéi en Drëttel vun de Privatleit a Entreprisen esou. Eng grouss Majoritéit schéckt dat Dokument och nach ëmmer per Post.

Vill Steiererklärungen nach op Pabeier an op leschte Stëppel / Rep. Pit Everling

Fir d’Steierjoer 2023 koumen am Joer 2024 am Ganzen 373.000 Deklaratioune bei der Steierverwaltung eran.
Ronn ¾ vun deenen Dokumenter goufe vu Privatleit erageschéckt oder online eragereecht, sou den Direkter vun der Steierverwaltung Jean-Paul Olinger. Dat sinn 283.000 Steiererklärungen:.“Dovunner sinn der bal 88.000 erakomm am Dezember, dat sinn 31%. Fir d’ Entreprisë sinn et 90.000 Steiererklärungen, déi am Joer 2024 erakomme sinn an dovunner 36.000 oder 40% am Dezember”.

Datt Leit hir Deklaratioun am leschte Moment eraginn ass net nei. Verschiddener verpasse souguer dee leschte Moment an d’Dokument kënnt dann eréischt am neie Joer.

“Well déi Steiererklärungen, déi ze spéit erakommen, dat hänkt effektiv dann dervun of, ob et en Dekont ass oder ob et eng richteg Steiererklärung ass, well bei engem Dekont geet et drëm, dass een e Remboursement kritt. An op dee Remboursement huet ee just en Urecht, wann een déi zur Zäit eragitt. Dat heescht, domadder wär dat Urecht da verluer. An do, wou dann eng richteg Steiererklärung ass, do ass et dann am Ermessens-Spillraum vum Steierbüro, fir eng Strof festzeleeën.”

Virun iwwer engem Joer war dës Frist offiziell och vum 31.Mäerz op den 31. Dezember verluecht ginn, nodeems och virdrun Depote bis d’Enn vum Joer toleréiert gi waren.

Fir elo weider un deem Delai ze fréckelen, wier am Moment net virgesinn, sou de Jean-Paul Olinger. Dat wier eng legislativ Fro a léich net an den Hänn vun der Steierverwaltung. De Jean-Paul Olinger verweist awer drop, datt de Protest bei den Entreprisë méi komplex ass a méi Zäit an Usproch hëlt.

“Well do normalerweis musse Konte preparéiert ginn. Déi mussen do nach deposéiert ginn, da musse se och nach vun enger Assemblée générale validéiert ginn. Do sinn nach aner Prozesser, déi am Laf vum Joer geschéien, déi do Zäit huelen. Mee, wéi gesot, mir hunn elo nach keng Demande, déi un eis erugetruede ginn ass, weeder op der politescher Säit nach um Niveau vun de Contribuanten”

Méi wéi ¾ vun de Privatleit a Firme gräifen iwwerdeems weiderhin op d’Pabeierversioun zeréck. Do soll deemnächst eng Strategie presentéiert ginn, fir déi digital Demarchen a punkto Steiererklärung méi einfach ze maachen.

Um Enn vum leschte Joer hate wuel eng Partei Leit Problemer, fir hir Deklaratioun digital erop ze lueden. D’Verwaltung hätt an deem Zesummenhank bei hiren Zerwisser awer bis ewell kee generelle Problem kënne feststellen, sou nach hiren Direkter Jean-Paul Olinger.

Back to Top
CIM LOGO