
Ee vun de Butteker muss no der Kontroll wéinst engem Mangel un Hygiène bis op Weideres zou bleiwen an a fënnef Fäll hu misse ronn 300 Kilogramm Fleesch vun der Veterinär-a Liewensmëttelverwaltung entsuergt ginn. Eng Partie Geschäfter goufen dann opgefuerdert, sech un d’Liewensmëttel-Virschrëften ze halen. Ob si dat maachen, wäert bei spéidere Kontrollen iwwerpréift ginn.
Iwwerdeems huet d’Douane ronn 50 Kilogramm Tubak fir Shisha-Päife saiséiert. D’ITM huet dann zwou Enquêtë wéinst Schwaarzaarbecht an eng wéinst illegaler Beschäftegung vun enger Aarbechtskraaft lancéiert.
Schliisslech goufen et zwee Protokoller, well Präisschëlder gefeelt hunn an eng Persoun, déi kontrolléiert gouf, war der Police signaliséiert.