
Direkt e puer Police-Patrullen hu sech op d’Plaz vum Abroch gemaach. Am Kader vun enger Sich säitens der Police konnt de presuméierten Täter op der Héicht vun der Rue Duchscher gestoppt ginn. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a koum e Méindeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.
Zu enger weiderer Dot e Sonndeg koum et dann nach am Nomëtteg zu Leideleng an der Rue Nicolas Brosius. Hei hat e Mann probéiert Pneuen ze klauen. Am Kader vun enger Sichaktioun konnte de presuméierten Täter vun enger Patrull opgegraff ginn. Séier koum eraus, dass d’Persoun wuel nach mat weideren Déifställ a Verbindung kéint stoen. De Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum e Méindeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.