Zanter Wochen huet et net méi gereent an dacks hate mer héich Temperaturen. Vill Bëscher stinn dowéinst ënner Stress. "Et geséit een, dass verschidde Beem amgaange sinn, hir Blieder ze fierwen an hir Blieder erofzegeheien. Insgesamt geséit een och, dass d'Beem och ënner Waasserstress stinn, " esou d'Martine Neuberg vun der Naturverwaltung. "D'Beem versuergen hir Blieder net méi mat Waasser. Dëse Prozess leeft zanter Juni".
Am Ellergronn zu Esch feelt et am Dëmpel an och an der Mardell u Waasser. Zanter Enn Fréijoer besteet elo dëse Probleem. "D'Quelle funktionéieren net méi. All déi Quellen, déi déi Dëmpelen a Mardellen gespeist hunn, funktionéieren den Ament net. Duerch d'Verdonstung ass och wéineg Waasser an den Dëmpelen". Dëst erkläert de Fierschter am Ellergronn.
Paul Zimmermann.
Well d'Beem dem Stress vun Hëtzt a Manktem u Waasser ausgesat sinn, kënne si hiren Aufgabe fir de Mënsch och net méi nokommen, wéi virgesinn. Ewéi Sauerstoff produzéieren oder Schied spenden. "Wann d'Bëscher net méi esou Zouwuessen, kënnen se och net méi sou vill Sauerstoff produzéieren". Dëst wäre laangfristeg Konsequenze vum Klimawandel.
D'Situatioun vum Zoustand vun de Lëtzebuerger Bëscher wär eescht. "Angscht hunn ass awer kee gutt Konzept. Mir versiche mat deem, wat mir haut wëssen, d'Bëscher esou ëmwandelen, dat si och fir déi nächst Generatiounen hir Ekosystem Déngschtleeschtungen erfëllen".