No Sichaktioun gestalltZwou Festnamen no Abroch an Eefamilljenhaus zu Hesper

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg géint 13.30 Auer gouf der Police en Abroch an en Eefamilljenhaus an der Rue d’Itzig zu Hesper gemellt. D’Awunnerin hat zwee onbekannte Männer am Haus gesinn, déi doropshi geflücht sinn.
© Police Luxembourg

Déi zwee Verdächteg solle sech iwwer eng Glasdier hannen um Haus gewaltsam Zougang verschaaft an e puer Raim am Keller an um Rez-de-chaussée duerchsicht hunn. No éischten Erkenntnisser gouf näischt geklaut.

Eng grouss Sichaktioun mat e puer Policepatrullen, der Hondsstaffel an engem Helikopter gouf ageleet. Ee vun de Männer konnt kuerz drop an der Géigend gestallt ginn. Den zweete gouf géint 17.45 Auer an der Rue de Syren zu Alzeng festgeholl.

Festnam wéinst Verdacht op sexuell Belästegung um Kierchbierg

Den 11. August gouf der Police eng Persoun gemellt, géint déi schonn den Dag virdrun eng Plainte wéinst dem Verdacht op e Sexualdelikt gemaach gi war. Eng Policepatrull huet de Mann kuerz drop bei der Haltestell "Poutty Stein" um Kierchbierg fonnt. Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, datt et géint hien en europäeschen Haftbefeel wéinst Sexualdelikter géint Mannerjäreger an Erwuessener gëtt.

Op Uerder vun der Parquet gouf de Mann festgeholl an an d'Untersuchungshaft bruecht. D'Ermëttlunge lafen nach.

Back to Top
CIM LOGO