Zanter Juli 2024 scho war den Taux vun 80 op 50 Prozent erofgesat ginn, fir de Wunnengsbau unzekierpen. Well de Verkaf vu Wunnengen op Plang nach ëmmer net esou ugezunn huet, wéi erhofft, geet de Virverkaf-Taux bis Enn Juni dëst Joer weider erof an dat op wéi gesot 30 Prozent. Bis elo wier just een Dossier mat engem Taux vu 50 Prozent accordéiert ginn.
D’Projete mussen awer gewësse Krittären erfëllen, ënnert anerem dierfen d’Appartementer net méi wéi 1,2 Milliounen Euro kaschten. Déi méi gënschteg Konditioune fir d’Promoteure ginn erméiglecht duerch Prolog Luxembourg SA, eng gemeinsam Initiativ vun der Spuerkeess, der Banque de Luxembourg, der BIL, der Raiffeisebank an der SNCI.
D’lescht Joer hätt een eng Reprise um Immobiliemarché gesinn, huet et geheescht, allerdéngs virun allem bei de Bestandswunnengen a manner bei de Wunnengen, déi eréischt gebaut ginn. Et géing een och feststellen, datt d’Loyere staark geklomme sinn, wat engem géing Suerge maachen a wat een drop géing zréckféieren, datt net genuch gebaut gëtt.
Ee Grond, firwat d’Verkeef vu Wunnengen op Plang bis elo nach méi lues viru geet, wier, datt et e gewësse Vertrauensverloscht bei de Clientë ginn hätt. Fir nees Vertrauen opzebauen, huet d’Chambre Immobilière eng Charta entwéckelt, un déi d’Promoteuren, déi se ënnerschriwwen hunn, sech mussen halen. Dora sinn och Sanktioune virgesinn, ënnert anerem, datt den Numm vun enger Entreprise, déi sech net drun hält, ëffentlech ka gemaach ginn.