
De Mann huet d’Beamte beleidegt an huet ronderëm sech geschloen.
Hien hat awer déi geklaute Saache bei sech. De Mann hat Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.
Um Mëttwoch am Nomëtteg gouf een Abriecher um Balcon vun engem Appartementshaus an der Rue du Charly gemellt. De Mann war schonn an 2 Wunnengen agebrach an hat d’Saache bei sech. Hien hat um Donneschdeg de Moie Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.
Da waren et Abréch an ee Keller vun engem Appartementshaus an der Rue Basse zu Schëffleng an an eng Wunneng um Boulevard Konrad Adenauer um Kierchbierg. D’Enquêtë lafen.
Och an Autoe gouf déi lescht Stonnen agebrach, zum Beispill op der Place Paul Jomé zu Hesper an an der Rue de la Libération zu Diddeleng.