Oppene Bréif u Premierminister a ChamberpresidentVertrieder vu véier Parteie fuerderen iwwerparteilech Initiativ fir Demokratie

RTL Lëtzebuerg
D'Demokratie wier ënner Beschoss an et bräicht e gemeinsamen Effort, fir se ze stäerken, esou de Constat vun de véier Parteien.
© RTL

Et ass méi ongewéinlech, dass sech Vertrieder vun direkt véier Parteie zesummendinn a sech an engem oppene Bréif un de Premier an un de Chamberpresident adresséieren. Genee dat maachen awer aacht jonk Politiker vun CSV, DP, LSAP an de Gréngen, jeeweils ee Mann an eng Fra vun all Partei-Faarf.

Si maache sech Suergen, well eis Demokratie ëmmer méi ënner Beschoss géing geroden. Déi politesch Instabilitéit an Europa an doriwwer eraus wier haut eng Realitéit. Virun allem Desinformatioun, haaptsächlech via déi sozial Medien, géifen e grousse Problem duerstellen. Genee déi misst konsequent bekämpft ginn, beispillsweis andeems sech iwwerluet géif, wat bei der Medien-Erzéiung verbessert oder a wéi wäit d’onofhängeg Press a Fakt-Checking kéinte gestäerkt ginn.

Am Bréif, deen eis virläit, gëtt sech fir eng parteiiwwergräifend Léisung staark gemaach, fir zesummen eng staark a widderstandsfäeg Demokratie ze schafen an ze behalen.

Back to Top
CIM LOGO