Actioun Lëtzebuergesch riicht Wënsch un d'Politik
© Eric Ebstein / RTL
Et wier scho vill fir d'Lëtzebuerger Sprooch gemaach ginn, ma och an Zukunft misst dat weidergefouert ginn, sou de President Claude Bache.
Wéi am Joer 1971 d'Actioun Lëtzebuergesch gegrënnt gouf, hätt kee gewot drun ze denken, wat haut alles fir eis Sprooch gemaach gëtt oder datt se lo souguer an eiser Constitutioun verankert ass. Dat sot de President vun der Actioun Lëtzebuergesch Claude Bache e Samschdeg um Neijoerschpatt vun der Vereenegung.
Op där Receptioun am Centre culturel zu Éiter gouf och nees d'Sëlwer Plaquette Dicks-Rodange-Lentz iwwerreecht. Déi goung dëst Joer un de Luc Marteling, deen a senger fréierer Funktioun als éischten Direkter vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch gehollef huet, dëse mat opzebauen, an do vill Asaz gewisen huet am Déngscht vun eiser Sprooch.
© Eric Ebstein / RTL
Ënnert dem Stréch géif villes fir d'Erhalen an d'Promouvéiere vun der Lëtzebuerger Sprooch gemaach ginn, sot e Samschdeg de Claude Bache, an awer riicht hien eng Rei Wënsch un d'Politik.
"Ech menge mir sinn ëmmer derhanner, dass an Administratioune vill méi op Lëtzebuergesch gemaach gëtt, d'Homepagen op Lëtzebuergesch, och op Regierungssäiten, um Haff iwwerall. Ech mengen dat wier esou eppes Konkretes, wat séier ëmzesetze wier a wou een dat och kéint usetzen. An da wier ech och fir d'Lëtzebuergesch weiderhinn ze fërderen, och an de Schoulen, dat schéngt mer ganz wichteg ze sinn."
© Eric Ebstein / RTL