
Dat eng Kéier tëscht Meeschtem an Nidderdonwen. Hei gouf der Police e verdächtege Won gemellt, deen d’Beamten och op der Plaz am Summerwee lokaliséiere konnten. Beim Chauffer gouf en héijen Alkoholwäert festgestallt, esou datt hien de Permis duerft ofginn.
An der Nuecht op e Méindeg du war d’Police zu Dikrech op e Chauffer opmierksam ginn, dee säi Gefier mat héijer Vitess duerch d’Stroosse gesteiert huet an och méi wéi eng Kéier op d’Géigespuer geroden ass. Dëse konnt bei der Rue de la Tour gestoppt ginn. Den Alkoholtest war positiv an de Permis gouf agezunn.
Zu Hamm da goufen zwee Autoen an der Rue Eugene Wolff beschiedegt. Wéi d’Police schreift, war en alkoholiséierte Chauffer mat sengem Auto an den éischte Won gerannt, deen duerch den Opprall wittert den zweete gedréckt gouf. D’Beamten, déi op d’Plaz koumen, hunn de schëllege Chauffer konnten ermëttelen. Och säin Alkoholpeegel war däitlech ze héich an de Fürerschäin war fort.