Bei zwee AccidenterDe CGDIS mellt dräi Blesséierter vun eise Stroossen

RTL Lëtzebuerg
Am Laf vum Méindegmoie goufen et zwee Accidenter op eise Stroossen.

Géint 6.40 Auer hu sech tëscht der Lëpschter Dällt an Houschent zwee Autoen ze pake kritt. Zwou Persoune goufen hei blesséiert. Zwou Ambulanzen aus der Nordstad an d’Pompjeeë vu Buerschent waren hei am Asaz.

Eng Stonn méi spéit gouf dann eng Persoun an der Route de Thionville zu Hesper ugestouss. D’Ambulancieren aus der Stad an d’Pompjeeë vun Hesper waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO