Neien Ament an der Affär CaritasDe Marc Crochet, Direkter vun der Fondatioun Caritas, huet demissionéiert
Reporter.lu huet e Méindeg den Owend als éischt iwwer d'Demissioun vum Marc Crochet bericht.
Verëffentlecht: 27.01.25 18:39, Update: 09.12.25 09:50
Zanter Juli zejoert war hien am Krankeschäin. Zwee vu sengen Direktiounskollegen sollen iwwerdeems wéinst Faute grave virun d‘Dier gesat gi sinn, heescht et bei Reporter.lu.
Fir déi inculpéiert Finanzdirektesch ännert bis op Weideres näischt.