Méi finanziell Hëllef fir Leit mat wéineg Moyenen
D’Ufankspräisser vun de 56 Altersheemer am Land variéieren tëscht 1.900 a 4.500 Euro, Chargen abegraff.
Fakt ass, datt net jidderee sech en Altersheem zu Lëtzebuerg leeschte kann. An deem Fall spréngt de Fonds National de Solidarité (FNS) an. Eng 700 Leit kréichen den Ament iwwer dee Wee gehollef, seet de Familljeminister Max Hahn.
"Dat geet bis e Präis vun 3.200 Euro ongeféier, wou ee ka bäigeluecht kréie vum FNS, datt ee sech och am Alter en Dag iwwer dem Kapp ka leeschten.”
D’Gesetz iwwer den FNS ass amgaang, iwwerschafft ze ginn. Zil ass et, méi Leit kënnen ënner d’Äerm ze gräifen. Esou wäert de Plaffong vum 3.200 Euro ugehuewe ginn op den Duerchschnëttspräis vun den Eenzelzëmmer am Land. Jiddwer Zëmmer bis dee Präis-Plaffong wär dann e potentiellt FNS-Zëmmer.
Doriwwer eraus sollen déi Leit déi et brauchen och nach e Montant vu 600 Euro zur Verfügung kréien, quasi als Täschegeld. Nei agefouert géif och ee Montant fir Käschte fir primär Besoinen ze decken, wéi Hygiènesartikelen, Tëlee, Internet oder d’Wäsch.
Bestoe bleift awer d’Obligatioun, datt am Fall wou de Beneficiaire zu Sue kënnt, respektiv ee gewësse Montant verierft, d’Hëllefen un den FNS mussen zréckbezuelt ginn.
D’Offer vun Altersheemer wiisst. Aktuell ginn et der 53, am Laf vum Joer sollen dräi neier opgoen. Dernieft ginn et 15 Strukture fir betreit Wunnen. Déi komplett Offer mat detailléierten Informatiounen iwwer Präisser, Raimlechkeeten a Leeschtunge fënnt een zanter kuerzem op infosenior.lu.

© Raphaëlle Dickes / RTL