
Zwee Blesséierter mellt de CGDIS en Donneschdeg den Owend bei engem Accident tëscht Nidderwampech a Grëmmelescht. Géint 18:30 Auer krute sech do zwee Gefierer ze paken.
D'Pompjeeë vu Wolz a Wëntger waren am Asaz, Ambulanze vu Clierf an Ëlwen, grad ewéi de Stater SAMU.