D'Lutte ëm eng méi solidaresch, gerecht an nohalteg Welt geet weider
Um Méindegowend war zu Hesper am Kulturzenter d Neijoerschreceptioun vun Déi Gréng. Vill Kritik gouf et un der CSV-DP-Regierung.
"Mir kämpfe weider fir eng Welt, an där Solidaritéit, Gerechtegkeet an Nohaltegkeet keng eidel Wierder sinn."
Dat huet d’Presidentin vun déi Gréng, d’Stéphanie Empain, e Méindeg den Owend um Neijoerschpatt vun hirer Partei ënnerstrach.
Gréng Politik wier eebe grad eng gerecht Politik, well se d’Wuel vu Jidderengem am Bléck hätt.
D'Stéphanie Empain huet sech an hirer Ried awer och mat der Roll vun de soziale Medien ausernee gesat.
Datt den Elon Musk sech eng Plaz an der Trump-Administratioun kafe kann a seng Plattform X benotzt, fir Faschisten an anere Länner z’ënnerstëtzen, dat wier konträr zu allem, wat et an Europa un demokratesche Grondprinzippie gëtt.
D’Tech-Milliardäre géifen den US-President Donald Trump viru sech hier dreiwen a genee esou géifen se sech d’Faschisten an Europa höreg maachen - an deen Zuch wier scho gutt ënnerwee.
De Grénge-President François Benoy huet ënnerstrach, datt et him Suerge mécht, datt ëmmer méi Politiker aus der Mëtt op den Zuch vum Populismus opsprangen an elo eng Politik maachen, déi zu nach méi sozialer Ongerechtegkeet féiert.
Genee dat géif och d’Lëtzebuerger Regierung maachen. Déi wierklech vulnerabel aus der Gesellschaft - Heescherten a Flüchtlingen - kréien déi äiskal Schëller gewisen esou de François Benoy. D’Deputéiert Sam Tanson huet ënnert anerem kritiséiert, datt et der Regierung am Wichtegsten ass, datt d’Patronat zefridden ass.
Och déi Gréng wiere fir eng gesond Wirtschaft a gesond Entreprisen, mä si dierften net op Käschte vu geschwächte Mataarbechter goen. D’Cheffin vun der grénger Sensibilitéit an der Chamber huet betount, datt hir Partei sech weider fir e staarken Ëmwelt- a Klimaschutz wéilt asetzen an och dofir, datt och d’Grondrechter vun deene Schwächste respektéiert ginn.
D’Europadeputéiert Tilly Metz huet dofir plädéiert aus deene multipelen Erausfuerderunge fir Europa eng Chance ze maachen, fir eng méi staark, inklusiv an onofhängeg Unioun, an där kee Land an och kee Mënsch op der Streck gelooss gëtt an d’Mënschen sech an hirer Diversitéit doheem fillen.
D'Regierung géif vill Onsécherheet verbreeden, esou de François Benoy,
Am RTL-Interview sot de Co -Parteipresident François Benoy, dass mer an turbulenten Zäite géife liewen, wou de Populismus ëmmer méi opkënnt. Et géif un Äntwerte fir reell Problemer feelen:
"Och déi heite Regierung, déi verbreet wierklech ganz vill Onsécherheet, sief et, wa mer kucken, wat déi Beschäftegt ugeet, de Sozialdialog zu Lëtzebuerg, deen net esou ass, wéi e sollt sinn, d' Leit, déi am Handel schaffen, wou wierklech eng Liberaliséierung kënnt. D'Leit, déi an de leschte Joren d'Klimatransitioun ugepaakt hunn, déi gi veronséchert duerch Hausse vum Stroum, de ganze Secteur vun der Zivilgesellschaft ass veronséchert, notamment duerch Schierbelen, déi geschafe gi sinn, duerch de Caritas-Fall a sou weider."
Déi aktuell Regierung géif keng Politik am Interêt vun der Allgemengheet maachen, mee vun den Happy-Few, esou de Politiker vun Déi Gréng. Europa misst selbstbewosst bleiwen, trotz méi schwieregen Zäiten. Soziales an Ekonomie misst een zesummekucken. Fir Déi Gréng wier et wichteg, d'Energietransitioun elo eescht ze huelen.
Déi Gréng hätten an de leschte Méint nei Membere bäikritt. Et géif ee positiv an d Zukunft kucken, esou de François Benoy. "Mir maachen op lokalem Niveau wierklech eng Politik, déi de Leit eppes bréngt." Als Gréng misst een elo Haltung weisen a géint de Populismus virgoen.