Méi opfälleg geet et bal netAlkoholiséiert duerch d'Feld gedrift - Police zitt Permis an

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt direkt e puer Fäll, wou de Permis wéinst Alkohol um Steier agezu gouf.
© Guy Wester

Eng éischte Kéier war dat am Méindeg Nomëtteg de Fall. En alkoholiséierte Chauffer hat tëscht Amber a Blaaschent e Bam ze pake kritt. Den Automobilist gouf nach op der Plaz behandelt a koum an d’Spidol. Well den Alkoholtest positiv war, gouf de Permis agezunn.

An der Nuecht op e Sonndeg huet et en aneren Automobilist quasi drop ugeluecht. Well wat ass méi opfälleg, wéi op engem Feld ze driften an dat net wäit vun enger Uertschaft ewech? Zu Alzeng hat en Automobilist dëst Konschtstéck fäerdeg bruecht a war enger Policepatrull direkt an d’A gefall. D’Beamten hunn och hei nom positiven Alkoholtest de Permis provisoresch agezunn.

Den Hesper Schäffe Guy Wester (CSV), deem dat concernéiert Feld gehéiert, sot RTL géigeniwwer, ee Bekannten hätt hien en Dënschdeg de Moien zum Won a senger Wiss alertéiert. D’Police wier séier op der Plaz gewiescht an hätt d’Leit am Auto erwëscht, ier se sech duerch d’Bascht maache konnten.

Am Zickzack op der Autobunn ënnerwee sinn, ass net wierklech manner opfälleg. Wann och do eng Patrull dat matkritt an den Alkoholtest positiv ausfält, ass de Permis gäre fort. Esou déi leschten Nuecht op der A4 geschitt.

Back to Top
CIM LOGO