D’Stéphanie Weydert demissionéiert als Presidentin vun der Spezial-Kommissioun iwwert d’Caritas-Affär. Elo gëtt de Charel Weiler proposéiert.

D’CSV-Deputéiert Stéphanie Weydert huet hir Demissioun en Dënschdeg an der Mëttesstonn an engem Schreiwes matgedeelt.

D’Affekotin schafft jo och fir eng Etude, déi eng vun den involvéierte Banken an där Affär vertrëtt, ass allerdéngs aktuell do net aktiv. Dowéinst krut si e méiglechen Interessekonflikt virgehäit.

Doropshin huet si de consultative Comité vun der Chamber ëm en Avis gefrot, an dee jugéiert, dass de Risk géif bestoen dass effektiv e Lien tëscht béide Funktiounen an der Ëffentlechkeet kéint gemaach ginn. Fir dat ze evitéieren, leet Sie hire Mandat als Presidentin vun där Kommissioun elo néier a geet och ganz aus dëser eraus.

Och de Laurent Zeimet hat am November no just engem Mount als President vun der Caritas-Spezialkommissioun demissionéiert. Och hien hat e méiglechen Interessekonflikt als Grond genannt, well hien an enger Etude ageschriwwen wier.

De Charel Weiler gëtt proposéiert, fir President vun der Spezialkommissioun Caritas ze ginn.