Queesch duerch d’Fraktiounen a Sensibilitéite goung um Mëttwoch de Moie Rieds vun engem gudden a responsabelen Ofkommen.

Den CSV-Deputéierte Maurice Bauer, President vun der zoustänneger Chamber-Kommissioun, gesäit et deemno absolut net esou, datt hei eng Regierung sech virun enger Gewerkschaft géing ducken.

Extrait Maurice Bauer

 
"Ech mengen, dass dës Regierung net virun der CGFP an d'Knéie geet, mee dës Regierung huet mat engem faire Partner, mengen ech, probéiert eng Negociatioun, e Gehälteraccord auszehandelen, dee, mengen ech, fir béid Säiten zur Satisfaktioun elo konnt ofgeschloss ginn. Ech mengen, et ass eng gutt Noriicht fir vill Staatsbeamten. Et ass awer och eng gutt Noriicht einfach fir d'Land".

Den André Bauler vun der DP erënnert dorunner, datt d'Fuerderunge bedeitend méi héich waren a seet sech berouegt, datt um Enn ee raisonnabelt Resultat erauskoum.

Extrait André Bauler

"Initialement hat ee jo an der Ëffentlechkeet vun 8 % héieren. Mir sinn awer de Moien [u.v.d.R: Mëttwoch] an deem Sënn iwwerrascht ginn, datt et elo 2,5 % sinn op eng gewësse Period. An ech géif soen, et kann een hei nëmme felicitéieren dem Minister an och d'Regierung insgesamt, well et ass eng Konklusioun vun der ganzer Regierung, well dat hei awer ee verantwortlechen Accord ass".
 
Datt beim Staat d’Duerchschnëttspaien elo schonn däitlech iwwer der nationaler Moyenne leien, ass fir d’Parlamentarier keen Argument fir d’Konditioune beim Employeur Staat net nach weider ze verbesseren. Den ëffentleche Secteur bräicht Leit an de Staat als Patron misst attraktiv bleiwen.

Och d’Djuna Bernard schwätzt vun engem gudden Accord, dee wichteg Akzenter géing setzen, notamment am Enseignement. Och déi 2,5% beim Punktewäert wiere legitim, sou déi gréng Deputéiert. Laangfristeg misst een awer oppassen, datt d’Schéier tëschent Privat a Staat net ze grouss gëtt.

Extrait Djuna Bernard

"An deem Sënn hunn ech d'Fro gestallt, wéi d'Diskrepanz ass, tëscht där niddregster Karriär beim Staat an dem Mindestloun, well jo och grad do dann déi Schéier effektiv am meeschten ausernee klafft, déi ass schonn nach ëmmer substanziell an déi gëtt natierlech och net méi kleng heiduerch. An ech verstinn duerchaus, dass et och um Niveau vum Privatsecteur natierlech elo Suerge gëtt, dass natierlech den Drock op d'Paien hei klëmmt. An dat ass mengen ech wierklech eng Suerg, déi mer duerchaus mussen eescht huelen."

Et soll een net déi eng géint déi aner ausspillen, mengt den David Wagner vun Déi Lénk.

Extrait David Wagner

"Wann d'Leit am ëffentlechen Déngscht gutt Konditiounen hunn, dann ass dat jo eng Richtlinn fir och déi aus dem Privaten, datt déi och kënnen Argumenter hunn an och kënne kämpfen, fir ze soen, mir wëllen och besser Aarbechtskonditiounen a mir wëllen och besser Paien, déi se verdéngen".

Mat dësem Accord salarial géing d’Kafkraaft gestäerkt ginn an en Deel vun de Sue kéim via Steieren zeréck an d'Staatskeess, sou nach den David Wagner.