Genee 80 Joer nom Massaker vu Sonnenburg gouf en Donneschdeg am spéiden Nomëtteg eng Gedenkfeier zu Äischen an der Kierch organiséiert. An enger Zeremonie gouf de Lëtzebuerger Affer geduecht.
An der Nuecht vum 30. op den 31. Januar 1945 goufen 819 Gefaangener am Konzentratiounslager Sonnenburg ëmbruecht. Dorënner 90 Lëtzebuerger. Si waren tëscht 19 a 24 Joer al. De Massaker vu Sonnenburg gëllt als gréisste Massemord u Lëtzebuerger.
Esou engem historeschem Event ze gedenken wier eng wichteg Aarbecht, seet de Buergermeeschter vun Habscht, Serge Hoffmann:
“Ech fanne fir eng Gemeng ass et och wichteg, ze hëllefen, dass d’Erënnerung dorun net verluer geet. Dofir leeë mir als Gemeng och vill Wäert dorop, dass mer de Jour commémorative och all Joer dignement feieren an och ëmmer rëm den Appell maache vun dem, wat geschitt ass. Et geet net nëmmen dorëm, sech just ze erënneren, et geet och dorëm, wat ka geschéien, wann een net mat Zäiten Extremismus entgéint wierkt.”
De Massaker géif beweisen, wouzou de Mënsch kapabel ass. Et dierft een dat nimools vergiessen, erkläert de Fernand Etgen, Vice-President vun der Chamber:
“Déi eeler Generatioune sinn net méi do, fir et eis ze vermëttelen. Mir mussen an de Schoulen an och déi vill gutt Aarbecht am Zentrum fir politesch Bildung weiderféieren, fir dass de Message, de mer haut hei erneiert hunn och weidergefouert gëtt.”
Dat symbolesch Ufänke vun 90 Käerzen zesumme mam Ausruffe vun den 90 Nimm soll weisen, dass d’Affer bis haut net vergiess goufen.
“Jongen, dir sidd net vergiess an dir gitt ni vergiess. Mir halen äert Affer fir ëmmer respektvoll an Erënnerung.” Dat ass de Message vun der Gedenkfeier.
Och am eemolege Sonnenburg, haut Słońsk, a Polen gëtt et eng Zeremonie zesumme mam Lëtzebuerger Ambassadeur.