
Et ass nawell séier gaangen, well no 3 Méint ass den Dino Toppmöller net méi Trainer vu Lens. Dat mellt ënnert anerem déi franséisch Sportzeitung "L'Equipe". Deemno géif hie schonns e Freideg géint Monaco net méi op der Bänk sëtzen, mee vu sengem Assistent Yannick Cahuzac ersat ginn.
Grond dofir wier ënner anerem d'Entloossung vum Dino Toppmüller sengem laangjärege Co-Trainer Nelson Morgado, dee scho bei Eintracht Frankfurt an dem F91 Diddeleng mam Däitschen zesummegeschafft huet. Domat wier den 45 Joer alen Toppmöller net d'accord gewiescht. Dat mellen ënner anerem "Sky Sport News" an d'"Bild" an Däitschland.
Lens huet mat ville Blessuren ze kämpfen. No 4 Matcher an der Ligue 1 huet den Traditiounsveräin 4 Punkten um Kont. An der Champions League gouf et eng 3:2-Victoire auswäerts bei Slavia Prag um éischte Spilldag.