
Am Garer Quartier war et en Donneschdegnomëtteg en Abroch an en Appartement an der Rue Michel Rodange. En Täter hat hei eng Rei Raim duerchwullt a konnt sech duerno duerch d’Bascht maachen.
E weideren Abroch gouf et dann an der Nuecht op e Freideg an en Haus zu Waasserbëlleg an der Rue de Mertert. Och hei hunn d’Täter eng Rei Schief duerchwullt. Eng Sich no den Täter hat bis ewell kee Succès. A béide Fäll gouf eng Enquête lancéiert.
Tuyaue vun der Police, wéi Dir Iech virun Abréch schütze kënnt, fannt Dir hei.