
Nieft 8 Leit, déi vun der Police a Bulgarien a Frankräich verhaft gi sinn an op hir Ausliwwerung waarden, gëtt et eng weider Persoun, déi direkt eppes mat der Affär ze dinn huet.
De Parquet schreift vun engem bulgaresche Staatsbierger, deen op Uerder vum zoustännegen Untersuchungsriichter hei am Land an de Prisong Uerschterhaff koum. De Mann ass ë.a. wéinst Wäisswäsche vu Suen, grad wéi Bedruch inculpéiert.
Alles an allem ware jo duerch d’Bedruchsmasch vum “Presidententrick” iwwer 60 Milliounen Euro vun de Caritas-Konte fortkomm - an der Suite dovunner war eng Spezialkommissioun an der Chamber an d’Liewe geruff ginn.
Dës Kommissioun kënnt direkt zwee Mol d’nächst Woch beieneen: Engersäits fir mam CSV-Deputéierte Charel Weiler en neien, drëtte President ze designéieren an d’Vertrieder vu PWC ze gesinn.
Communiqué du parquet de Luxembourg - ajout au communiqué du 24 janvier 2025 dans l’affaire Caritas
(31.01.2025)
En date du 31 janvier 2025, le juge d’instruction en charge du dossier dit Caritas a procédé à l’inculpation d’un ressortissant bulgare du chef de faux et usage de faux, d’escroquerie, de blanchiment de capitaux, d’association de malfaiteurs dans le cadre de ce blanchiment, ainsi que du chef d’organisation criminelle. Le magistrat a décerné un mandat de dépôt à l’encontre de l’inculpé.
L’homme en question n’avait pas pu être arrêté dans le cadre des opérations de la semaine passée, lors desquelles huit personnes avaient été arrêtées.
Vu l’instruction en cours il n’est pas possible de communiquer davantage.
Le parquet entend rappeler la présomption d’innocence.
RTL-News (24.1.25): Europäesch Mandats d’arrêten: 8 Arrestatiounen am Dossier Caritas