Europe's most wanted fugitivesBen Montassar an Abdullah Khodor nach ëmmer gesicht

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet e Freideg de Rappell gemaach, datt nach ëmmer zwou Persoune gesicht ginn, déi op der Lëscht vun de meescht gesichte Leit an Europa stinn.
© Police Lëtzebuerg

Abullah Khodor

Am Mäerz 2022 hat d’Police den Abullah Khodor als eng vun de meescht gesichte Persounen an Europa gemellt. Him gëtt ënnert anerem Kidnapping, Geiselnam, Geldwäsch, arméiert Iwwerfäll a Bedeelegung un enger krimineller Organisatioun reprochéiert. Schonn zanter 2019 gëtt et en europäeschen an en internationale Mandat d’arrêt géint den Abullah Khodor. Hien hat am Dezember 2017 zesumme mat engem anere Mann zu Gonnereng eng Fra an hir kleng Niess aggresséiert. D’Männer, déi e Messer als Waff dobäi haten, hu Bijouen an eng kleng Zomm Sue geklaut. Donieft hu se den Telefon vum Haus zerstéiert, fir datt keen d’Police direkt konnt ruffen.

Den Abullah Khodor ass ongeféier 1.80 Meter grouss an huet déi Däitsch an déi Libesch Nationalitéit.

© Police Lëtzebuerg

Ben Montassar

De Ben Mahfoudh Montassar, deen zanter Dezember zejoert op der Lëscht vun den Europe’s most wanted fugitives steet, gouf 2023 zu Lëtzebuerg wéinst versichtem Mord zu 10 Joer Prisong verurteelt, ass awer zanterhier op der Flucht. Den Tunesier huet dem Geriicht no 2018 probéiert, säin Affer ëmzebréngen, andeems hien et erwiergt huet, wärend hien d’Fra um Buedem fixéiert hat. Donieft hat hien d’Fra mat der Fauscht, dem Ielebou an dem Fouss geschloen. D’Fra war deemools uerg blesséiert ginn.

Am Mäerz 2024 gouf dunn en europäeschen an internationale Mandat d’arrêt géint hien ausgestallt, an der Hoffnung, eng Spuer vun him ze fannen. Dëst ass awer bis haut net de Fall.

De Ben Mahfoudh Montassar ass ongeféier 1.71 bis 1.80 Meter grouss.

© Police Lëtzebuerg

Back to Top
CIM LOGO