
Am Dossier vun de Mëllechbaueren, déi net bei der Molkerei EKABE bleiwe kënnen, läit eng Léisung um Dësch. RTL-Informatiounen no gouf et en Dënschdeg um Siège vun der Luxlait um Rouscht eng Reunioun tëscht der Luxlait-Direktioun an de Membere vun der Genossenschaft Prolek, bei där d'Baueren ee Kontrakt presentéiert kruten. Si hunn elo bis de 25. September Zäit, dësen ze ënnerschreiwen.
Och wann d'Léisung fir all d'Bauere gëllt, ass nach net kloer, ob déi 68 concernéierte Betriber um Enn alleguerten zoustëmme wäerten. Och wann nach keng Detailer gewosst sinn, ass ze héieren, datt belsch Molkereien Deel vun der Léisung sinn. D'Luxlait ass op alle Fall mol Actionnaire bei der belscher Solarec.
Enn Mee war bekannt ginn, datt d'EKABE, déi mëttlerweil zum franséische Grupp Lactalis gehéiert, de Kontrakt mat de Lëtzebuerger Mëllechbaueren auslafe léisst an hier Mëllech just nach bis Enn Mäerz dat nächst Joer unhëlt. De Produktiounssite zu Eescheler soll awer weider bestoe bleiwen.
En Donneschdeg wäerten d'Luxlait an d'Prolek d'Detailer vun der Léisung, déi elo um Dësch läit, op enger Pressekonferenz presentéieren.