
Zanter zwee Joer ass eng EU-Missioun an där Regioun aktiv, wou och Lëtzebuerg dru bedeelegt ass. Dës Missioun gëtt bis 2027 verlängert an och Lëtzebuerg stellt weider ee Mann vum Kontingent, dat 210 Leit zielt.
Dës Regierungsdecisioun gouf e Méindeg de Moien an den zoustännege Chamberkommissioune matgedeelt. Deemno géif d’EU-Friddens- an Observatiounsmissioun komplett hire Sënn an Zweck erfëllen. Et ass ee Lëtzebuerger Polizist, dee weider wäert an Armenien stationéiert ginn.