An der Caritas-Spezialkommissioun stounge e Méindeg Vertrieder vun der Berodungsfirma PricewaterhouseCoopers den Deputéierte Ried an Äntwert.

Woubäi sech fir verschidden Deputéiert awer no där Reunioun nees méi Froe gestallt hunn. D'Kommissioun huet dann och eestëmmeg hiren drëtte President bannent e puer Méint gewielt.

PwC wier engersäits mat der Fraude bei Caritas beschäftegt gewiescht. Doriwwer hätt d'Consulting-Boîte awer net vill kënne soen, wat een och géing verstoen, esou déi gréng Deputéiert Djuna Bernard. Donieft wier se fir d'Gestioun vum deegleche Business zoustänneg gewiescht, well d'Direktioun am Krankeschäi war.

"Do schénge si dann iergendwou dee Moment esou e bëssen d'Rudder iwwerholl ze hunn, fir de Buttek um Lafen ze halen. An awer trotzdeem schénge se awer och Kontakt gehat ze hu mam Comité de suivi, mat Beamten. An déi ganz Fro, a wéi wäit se involvéiert ware mat där Kreatioun vun där neier Entitéit Hut, do verstoppe se sech e bëssen hannert d'Technizitéiten."

D'Deputéiert sinn da gewuer ginn, datt d'Caritas PwC engagéiert hätt. Wéi an zu wéi engem Montant d'Berodungsfirma bezuelt gouf, wier awer onkloer, sou den ADR-Deputéierten Tom Weidig: "Well et ass e bësse komesch, PwC gëtt geruff an do ass da Bedruch a si hu keng Suen. Mee dat ass natierlech dat éischt, wat PwC mécht. Jo, wie garantéiert mer datt d'Rechnung bezuelt ginn? An dorobber wollte se mer net äntweren."

Et hätt een och d'Informatioun kritt, datt PwC ganz enk mam Educatiounsministère zesummegeschafft hätt, esou d'DP-Deputéiert Carole Hartmann: "Dat notamment fir ze kucken, dass déi Leit, déi bei der Coopération internationale geschafft hunn an net vun Hut iwwerholl goufen, dass déi géifen aner Optioune kréien, quasi reklasséiert ginn." Do hätten och eng Rei Salariéen nei Optioune kritt. PwC wier iwwerdeems der Meenung gewiescht, datt d'Asbl-Gesetz vun 2023 e klore Kader géing setzen, d'Gouvernance bannent den Associatiounen awer nach deels misst verbessert ginn.

Der Fuerderung vu PricewaterhouseCoopers, d'Froen am Viraus ze schécken an och keng weider Froen ze stellen, wieren d'Deputéiert "selbstverständlech net" nokomm, sou d'Taina Bofferding. Fir d'Rapportrice vun der Caritas-Spezialkommissioun an  d'LSAP-Fraktiounscheffin stellt sech weider d'Fro, wien d'Decisioune geholl huet. Déi Fro stellt och den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum: "De Premierminister seet, dat sinn alles Decisioune vun der Caritas. Déi deemoleg Presidentin vun der Caritas seet, dat sinn déi vu PwC, déi d'Decisioune geholl hunn. A PwC seet elo, jo nee, dat ass de Comité de Crise."

Et misst een endlech mat der Caritas schwätzen, esou d'Taina Bofferding. En Datum dofir gëtt et awer nach net. No der Reunioun wier awer nach ee mol méi däitlech ginn, datt d'Méiglechkeet, d'Caritas ze retten, net am Raum stoung. Mam Charel Weiler krut d'Spezialkommissioun e Méindeg en drëtten neie President bannent e puer Méint. Schued dat der Kredibilitéit vun der Kommissioun?

"Ech menge virun allem, dass d'CSV e Problem huet, wa se elo deen Drëtten an d'Arena schéckt, well et ass iwwregens och erëm en Affekot, deen awer anscheinend net méi am Barreau ageschriwwen ass. Ech mengen, si hunn do e bësse Problem, well se ëmmer soen, 'Oh nee nee, do ass guer kee Conflit d'intérêt' an dann herno stellt sech dann eraus, dass et awer een ass. Ech mengen, si mussen do sech emol un der Nues huelen."

Hie géing denken, datt hie keen Interessenskonflikt hätt, sou de CSV-Deputéierte Charel Weiler.

"Ech hunn der Kommissioun och erkläert, datt ech säit Enn 2022 net méi um Barreau ageschriwwe sinn, net méi Affekot sinn. Ech hu mer och lénks a riets nach Gedanke gemaach, wou nach vläicht eventuell ee kéint sinn. Mä ech mengen net, datt ech en Interessekonflikt hunn."

D'Decisioune vum Laurent Zeimet an der Stéphanie Weydert wieren ze respektéieren, hie wéilt elo awer no vir kucken an dofir suergen, datt ee mat der Aarbecht séier virukënnt. Wien d'Stéphanie Weydert an der Kommissioun ersetzt, wier nach net decidéiert. D'Kommissioun huet sech selwer als Zil gesat, bis Abrëll d'Aarbecht ofzeschléissen.