
Am ganze ware 44 Polizisten an néng Agente vun der Douane am Asaz.
Am Laf vun der Kontroll goufen eng kleng Quantitéit Cannabis a véier Waffe saiséiert. Deementspriechend gouf e Procès-verbal wéinst Waffebesëtz opgemaach.
E weidere Procès-verbal gouf opgemaach, well e Chauffer sech alkoholiséiert hannert d’Steier vu sengem Gefier gesat huet.
Schliisslech ass et am Laf vun der Kontroll zu enger Course poursuite komm. E Chauffer hat versicht sech der Kontroll ze entzéien. Hie konnt an der Belscher Grenzregioun gestoppt ginn. Et huet sech erausgestallt, dass hien net am Besëtz vun engem valabele Fürerschäi war.