
Et ass owes méi fréi däischter a moies dauert et och, bis et richteg hell dobaussen ass. Abriecher hunn do méi liicht Spill, ze gesinn, wéini en Awunner doheem ass oder net.
Dofir heefe sech dann och d’Nouvellen, dass nees agebrach gouf. Wéi d’Police e Freideg de Moie matgedeelt huet, waren op munche Plaze Brigangen um Wierk, zum Beispill zu Eschduerf. Do ass de presuméierten Täter en Donneschdeg den Owend an der Juddegaass duerch de Keller an en Eefamilljenhaus agebrach. Vill Zäit hat hien net, hien ass geflücht, nodeems hie vun den Awunner iwwerrascht gouf, déi kuerz drop Heem koumen.
Dee selwechten Owend gouf nach zu Bartreng, och an een Eefamilljenhaus agebrach. Den oder d’Täter hunn hei d’Raim duerchwullt a konnte Boergeld a Bijoue klauen.
A béide Fäll lafen d’Ermëttlungen. D’Police rappelléiert nach emol, dass si op hirem Site eng jett Rotschléi opgelëscht hunn, wéi ee sech a säin Doheem ka schützen.