Massiv Problemer bei SNHBM-Wunnengen um Kierchbierg
Zanter déi éischt Leit Enn 2021 rageplënnert sinn, ginn et Problemer an dräi Residenze vun der SNHBM an der Rue Václav Havel um Kierchbierg.
Am August 2022 haten d'Kolleege vun RTL Infos eng éischte Kéier bericht, deemools iwwer Fiichtegkeet an de Kelleren an ondicht Fënsteren an de Wunnengen. Ufank September 2023 waren dunn Zille vun engem Balcon an e Gaart ënnendrënner gefall. Zanterhier sti Clôturë ronderëm d'Gebaier an d'Leit krute geroden, net op hir Balcone respektiv Terrassen ze goen. Elo streide sech de Promoteur SNHBM an d'Firma CLE, déi d'Aarbechten duerchgefouert huet, doriwwer, wie Schold ass. D'Proprietäre vun den Appartementer sinn iwwerdeems frustréiert.
Scho wéi si d'Schlëssele fir d'Appartementer kruten, hätt et Problemer ginn, zum Beispill zerkraazte Fënsteren, ma et wier een dozou gedréckt ginn, d'Remise des clés ze ënnerschreiwen. Vun Ufank un hätt een och op e Problem mat Fiichtegkeet am Keller higewisen, ma dat wier net gegleeft ginn.
"On m'a dit, c'est normal, c'est une cave, c'est normal que c'est humide. Et quatre mois plus tard, j'avais plein de moisissures de champignons sur mes affaires, donc ça prouvait bien que j'avais raison.", esou d'Cindy, Presidentin vum Conseil syndical.
Mëttlerweil hätt d'SNHBM awer Mesuren an d'Weeër geleet, fir de Problem ze behiewen. D'Proprietäre beschwéiere sech awer nach ëmmer iwwer ondicht Fënsteren a Lëftungen, déi net richteg funktionéiere géingen. Dobäi géing een d'Filteren esouguer véier-, an net wéi recommandéiert just zweemol d'Joer wiesselen. Tester hätten zudeem erginn, datt et an op d'mannst enger Wunneng eng ze héich Konzentratioun vu Bakterie gëtt.
Dee gréisste Problem ass awer, datt de Risk besteet, datt nees Stécker vun engem vun de Balconen eroffalen. Ongeféier zwee Drëttel vun den Honnert Balcone si betraff. An do gesäit een d'SNHBM an der Responsabilitéit, fënnt och de Roberto, Member vum Conseil syndical:
"Nous, on se demande, comment c'est possible, que le promoteur, qui est SNHBM, n'a pas contrôlé pendant la construction? Pourquoi il y a pas eu plus de contrôles? Parce que souvent ils nous disent, qu'ils sont obligés de travailler avec la société la moins chère, ce qui est le système, on le comprend. Mais si vous savez déjà ça, pourquoi il y a pas plus de contrôles?"
Bei der SNHBM ënnersträicht een an éischter Linn, datt d'Aarbechte vu privaten Entreprisen an net vun eegene Mataarbechter duerchgefouert goufen. Et hätt een eng Dausend Chantieren uechter d'Land an et kéint een einfach net ëmmer iwwerall donieft stoen. Hätt et dann net dono missen opfalen?
"Nee! Ech mengen, déi Zill, vu baussen ass dat jo absolut net siichtbar gewiescht. Dat huet alles konform ausgesinn. Et war jo net alles fäerdeg un der Fassad, do waren nach Adjointen ze maachen. Mee dat dote war net vorhersehbar. Natierlech, wa mir gewosst hätten, datt ee Risiko bestanen huet, hätte mer sécher keng Schlësselen erausginn. Mee dat ass einfach onméiglech gewiescht, ze suivéieren, wat wärend dem Bau alles geschitt ass", sou den SNHBM-Direkter Guy Entringer.
Mëttlerweil wier et generell ee grousse Problem, anstänneg Handwierker ze fannen. En plus géing ëmmer méi dacks mat Sous-traitante geschafft, wat d'Saach méi onduerchsiichteg maache géing. Aktuell leeft eng Geriichtsexpertis. Sollt déi net zu enger Eenegung féieren, wäert d'Affär viru Geriicht landen, wat d'Saach ee gudde Krack an d'Längt zéien dierft.
D'SNHBM ass iwwregens net just de Promoteur vum Projet, mee och de Proprietär vun enger vun den dräi Residenzen. Dowéinst huet een am Syndicat de coproprieté déck an déi 40 Prozent. De Guy Entringer betount awer, datt d'SNHBM ni eng Decisioun an hir Richtung beaflosst hätt.
Beim Konsumenteschutz fënnt een dee Modell, och onofhängeg vum konkrete Fall, éischter onglécklech.
De Pascal Koehnen, Chef vum juristeschen Departement bei der ULC:
"Et gëtt et ëmmer manner, mee et gëtt et nach. Et ass och net esou, datt de gesetzleche Kader dat géing verbidden, mee et ass doudsécher onglécklech. Firwat ass et onglécklech? Onglécklech an och weder am Sënn vun deem engen nach vun deem aneren. Well wann esou eppes virkënnt, wéi et elo hei virkënnt, ass natierlech séier Badausch do an de Syndic kënnt a Verruff, wann et schleeft."
Dobäi ënnersträichen esouwuel d'ULC wéi och d'SNHBM, datt de staatleche Bauträger am Fong keen Interêt un der aktueller Situatioun kéint hunn. D'Baufirma CLE, déi ënnert anerem fir de Réibau an d'Fassad vun de Gebaier zoustänneg war, huet op eng Interviewufro iwwregens net reagéiert.