Wéi esou vill Stied am Norde gouf och des Uertschaft zweemol liberéiert. Eng éischte Kéier am September 1944, just een Dag no der Stad. An no der Ardennenoffensiv dann nach eemol am Februar 1945.
D’Liberatioun vu Veianen huet am ganzen zéng Deeg gedauert. Den 12. Februar sinn d’Amerikaner am ieweschten Deel vu Veianen ukomm. Den ënneschten Deel ronderëm d’Virstad konnt eréischt den 22. Februar befreit ginn. Fir datt déi lescht däitsch Truppen sech aus den Ardenne konnten zréckzéien, huet d’Wehrmacht versicht, d’Uertschaft esou laang wéi méiglech ze halen.
Matt der Liberatioun vu Veianen ass fir de Grand-Duché déi däitsch Besatzung ee fir alle Mol op en Enn gaangen. Zenter dem leschte Mëttwoch gëtt dëst historescht Evenement gefeiert. Zu Veianen patrulléieren de Weekend iwwer GI’en, an an de Stroossen si Militär-Jeepen, Camionen a Panzer ënnerwee. Sougenannte “Reenactment"-Gruppen aus der Belsch, Holland an Tschechien hu fir déi néideg historesch Stëmmung gesuergt.
E Sonndeg ginn d’Feierlechkeeten op en Enn. Moies ass eng Mass, wou un déi 11 Zaldote geduecht gëtt, déi bei der Befreiung vu Veianen gefall sinn. Direkt duerno gëtt et eng Commemoratiouns-Zeremonie a Presenz vum Grand-Duc Henri. Mëttes um 14 Auer ass dann eng Parad mat amerikaneschen Arméisgefierer.