Konsumverhalen haut méi komplex, Alkohol eleng net méi den eenzege Probleem
D'Changementer an der Gesellschaft weise sech an de Problemer vun der Clientèle vum CTU: méi komplex wéi fréier a se mussen och aneschters ugepaakt ginn.
Zënter 1978 kann een, wann ee Problemer mam Alkohol huet, op Useldeng an d’Therapie goen. Useldeng gehéiert zur Ettelbrécker Rehaklinik a proposéiert eng stationär Behandlung fir eng 34 Suchtkranker. Wann een ugangs virun allem mat Alkohol- a Medikamentekonsum ze dinn hat, ass déi psychotherapeutesch Behandlung haut e gutt Stéck méi komplex, well d’Suchtverhale sech mat der Gesellschaft verännert huet: e Kampf géint d’Ofhängegkeet, dee sécher net méi einfach ginn ass.
Wéi ginn ech mat mengem Frust, menger Roserei, mengen Aggressiounen ëm, wéi kréien ech meng Reaktioune kanaliséiert, meng Emotioune kontrolléiert? Eng Therapieronn, wéi ee se aus Filmzeene kennt, mam Ënnerscheed, dass dat hei dat richtegt Liewen ass. Haut ass de Gros vun de Leit mat méi wéi engem Suchtproblem gehäit, wat och hir Behandlung méi komplex mécht.
Kokain gëtt ewell an alle Gesellschaftsschichte konsuméiert, meeschtens zesumme mat Alkohol. Zu där Kategorie gehéieren och Leit, déi nach stabil sinn an net weider opfalen. Och si fënnt een zu Useldeng.
Zu Useldeng mécht een haut also net méi eng Alkohol- mee eng "Sucht-Therapie". Déi hei am Land ze maachen, hätt de Virdeel, dass ee relativ séier, fir e Weekend zum Beispill kann heem, an esou stéckelchersweis léiert, säin Alldag ouni Alkohol ze liewen.
Waardezäite vun e puer Méint géinge weisen, dass d’Demande no Covid ferm an d’Luucht goung an dass et net genuch Therapieplaze gëtt.
D’Directrice vum Centre thérapeutique huet awer nach eng aner Demande un d'Santé: et misst versicht ginn, de Wee vun do un, wou ee säi Suchtproblem erkannt hätt, bis bei den Ufank vun der Therapie, esou onkomplizéiert wéi méiglech ze gestalten. Dat gëllt och fir d’Etapp dono, also d’Ënnerkommen an enger Wunnstruktur, no der Therapie.
D’Claude Besenius erënnert och drun, dass den nationalen Aktiounsplang géint Alkoholmëssbrauch PALMA, 2024 ausgelaf wier a sollt weidergeféiert ginn.